Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

De Mark Hollis, fréiere Leadsänger a Songwriter vun der Band Talk Talk, ass aus dem Museksgeschäft verschwonnen, fir sech voll a ganz ëm seng Famill ze këmmeren. "It's a Shame", wéilt ee soen, well säin absolut aussergewéinleche Soloalbum vun 1998, deen einfach just säin Numm dréit, ass fir de Moment dat Lescht, wat ee vun him héieren huet. Et ass eng roueg an intensiv Plack, déi net vill Leit kennen, an déi nawell héich geschätzt ass. Den Album Opener "The Colour of Spring" ass dem Marc Clement säin Twenty/Twenty vun dëser Woch.

Bei enger Re-Release vu 1984 muss de Museker keen där Jéngster méi sinn. Den hollännesche Multi-Instrumentalist Ronald Langestraat gëtt sech es allerdéngs op kee Fall midd nach mat 78 Joer zäitlose Sound ze produzéieren. D'Anne Georges hëlt eis mat an Holland bei eng Legend, déi eenzegaartege Soul, Funk a Lo-Fi Jazz ze bidden huet. Mam Titel "In The Middle Of The Night" muss et einfach nëmmen "een goed weekend" ginn.

Nieft dem Concertstipp an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu Boy Harsher, Jacob Banks, Derya Yıldırım & Grup Şimşek, Jungle, The Faint, Indi a Cake.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Biz

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • B&W Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Beats Trottoir

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Urban Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • One For All

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Terrasse Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • EspressooOOOOoooo

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Fresh Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Spring Beats

    Déi bescht nei Musek mat Coup de Coeuren a Concertstippen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen