Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

D'EU preparéiert sech op en No-Deal

Um Sommet Enn där leschter Woch hunn d'EU-Staats- a Regierungcheffen der britescher Premierministerin Theresa May verschidde schrëftlech Assurancë mat heem ginn. Ob dës Declaratiounen awer duerginn, fir datt am Januar effektiv eng Majoritéit zu London fir de Brexit-Accord stëmmt, ass ongewëss.

An der Tëschenzäit lafen ëmmer méi konkret Preparatioune fir en No-Deal - fir de Fall also datt Groussbritannien ouni Accord aus der EU erausgeet. D'Kommissioun wëllt dës Woch ee roude Fuedem fir esou e Zeenario presentéieren.

En Dossier vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

  • EU-Migratiounspolitik: Rettungsanker Ägypten

    D'EU wëllt méi enk mat Ägypten zesummeschaffen - an der Migratiounspolitik. Iwwer wat genee diskutéiert gëtt, ass net kloer. Mënscherechtsorganisatioune si besuergt.

  • "Datt Ministeren a Verwaltungen iwwer hiren Ego ewechsprangen"

    D'Coordinatioun vum Grupp "Ronnen Dësch" fuerdert en besser prise en charge vun Asildemandeuren, mee setzt sech och fir gesamtgesellschaftlech Verbesserungen an.

  • Verstëpst an ongerecht?

    De Lëtzebuerger Wahlsytem huet bal honnert Joer um Bockel. Trotz regelméisseger Kritik schéngt eng grondsätzlech Reform onwahrscheinlech.

  • Brexit: Eng méi laang Iwwergangszäit soll hëllefen

    Beim Brexit zeechent sech of, dat elo eng méi laang Iwwergangszäit gëlle soll, ier den definitive Accord a Kraaft trëtt. Ass dat d'Léisung? 

  • Aarmutsrisiko an internationalen Dag géint Misère

    Fir vum Aarmutsrisiko-Betraffenen nozelauschteren an nee zur Misère ze soen hat ATD Quart Monde gëschter (17.10.) een Evenement organiséiert.

  • EU-Mount fir Cybersécherheet

    Oktober ass den europäesche Mount fir Cybersécherheet. D'Thema géif nach ëmmer e bëssen ënnerschat ginn, seet de Pascal Steichen, CEO vu security made in.

  • Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit

    Iwwer den Impakt vum demographeschen an ekonomesche Wuesstem op eis Flëss a Baachen um Beispill vun der Uelzecht.

  • D'Roll vu Spuenien an der europäescher Flüchtlingspolitik

    D'Land op der iberescher Halbinsel ass momentan d'Haaptzil vu Flüchtlingen an Immigranten, déi versichen iwwer d'Mëttelmier an Europa ze kommen.

  • Wunnengsnout zu Lëtzebuerg

    D'Kris vum Logement ass ee vun de groussen Themen am Wahlkampf. Et gëtt net genuch Wunnenge fir jiddwereen. An disponibel Logementer ginn ëmmer méi deier. 

  • Europaparlament stëmmt iwwer Ungarn of

    D'Europarlament stëmmt haut driwwer of, ob senger Meenung no an Ungarn géint europäesch Wäerter verstouss gëtt.

     

  • Summertime - forever?

    D'EU-Kommissioun wëll proposéieren, d'Zäitemstellung ofzeschafen. D'Décisioun läit awer bei de Memberlänner, mee hei ass ee sech nach net eens.

     

     

  • EU-Handelskommissärin: "Mir verhandele net!"

    Wat ass wierklech bei der Entrevue Juncker-Trump erauskomm?  Am Europaparlament gouf et vill kritesch Froen un d'EU-Handelskommissärin.

  • 37. Nationalen Wanderdag

    D'Lëtzebuerger Wanderfederatioun huet dëse Weekend op déi 37. Editioun vum Nationalen Wannerdag invitéiert. Vum Freideg op e Samschdeg konnt een um "All you can walk in 24h" och erausfannen, wéi vill Kilometer een a 24 Stonnen packt. Verschiddener haten dobäi 100 Kilometer am Viséier.

  • De Wollef an de Mensch

    De Wollef ass zeréck an huet sech nees plazeweis an Europa niddegelooss. Fir déi eng ass dat eng gutt, fir déi aner eng schlecht Nouvelle.

  • "Wir haben eine Radikalisierung des rechten Protestes"

    Ein Gespräch mit Politikwissenschaftler Dr. Markus Linden von der Universität Trier zu den Geschehnissen in Chemnitz.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen