Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Daniel Romano - Finally Free

Säi Personnage ass schwéier ze erfaassen. En nostalgesche Countrysänger, e Punk-Rocker oder Power-Pop Sänger - an de leschten zéng Joer huet den Daniel Romano divers musikalesch Rolle gespillt. Seng neiste Plack heescht "Finally Free". Dem Titel gerecht héiert een e Museker, deen ouni Hemmunge sengen Impulser nogeet. Psychedelesche Folk steet elo op der Dagesuerdnung. Mat sengen néng Lidder féiert den Daniel Romano den Nolauschterer zeréck an déi mystesch 60er. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen