CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Exotik mat Klassik vum Georges Bizet

Eréischt nom Doud vum Georges Bizet an no sengem Erfolleg vun der Oper "Carmen", huet ee sech fir déi fréier Wierker vu franséische Komponist interesséiert. Datt d'Oper "Les Pêcheurs de Perles", haut nach seelen ze gesinn ass, ass onverständlech, wann ee sech d'Musek unlauschtert. All Elementer sinn dra fir zwou agreabel Stonne mat Musek ze verbréngen. De Label Pentatone huet eng nei Opnam vun der Oper erausginn. De Manuel Ribeiro huet se sech ugelauschtert.

Julie Fuchs, Cyrille Dubois, Florian Sempey, Luc Bertin-Hugault; Les Cris de Paris; Orchestre National de Lille; Direktioun: Alexandre Bloch.

Pentatone 2 SACD PTC 5186 685

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen