Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Thema vum Mount Nei

Den éischte Steen fir déi nei «Cité judiciaire» um «Saint-Esprit-Plateau» gouf de 7. October 2003 geluet ! De Justiz-Minister Luc Frieden an déi fréier Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges, hate symbolesch e ,Code civil’ an de Justiz-Fundamenter vergruewen. Dëse Summer goung d’Plënneraktioun vun der Justiz an hir nei Gebäilechkeeten un. Mam Bauteminister Claude Wiseler wéi mam Präsident vum Bezirksgeriit Lëtzebuerg, Pierre Gehlen, beliit de J-Pol Roden déi nei Justizgebäier woubäi béid och op d’Polemik ronderëm d'«Cité judiciaire» aginn.
(Rediff. um 19.30)

Rezent Emissiounen

  • D'Montée an de Fall vum Summer of Love

    Bei Summer of Love denken déi meescht u Woodstock. Mee de Summer of Love ass awer scho vill méi fréi ugaangen a war do scho bal um Enn.

  • Woodstock - den Ufank war gemaach!

    No Woodstock ass eng reegelrecht Festival-Zeen entstanen, déi aus de Mëssstänn vun August '69 geléiert huet. Villes gouf méi professionell.

  • Aus dem Chaos gouf eng Legend

    Absolute Chaos, duerchgeknallten Improvisatiounen an eng iwwerfuerdert Organisatioun: d'Essenz déi aus Woodstock eng Legend gemaach hunn.
     

  • Woodstock an en déckt Lach an der Keess

    Och wann d'Stëmmung gutt war, an déi 500.000 Leit um Woodstock-Festival "Love, Peace and Music" haten. Woodstock war um Enn e finanziellen Desaster.

  • Woodstock - déi laang Sich no engem Site

    De Woodstock Festival dréit säin Numm eigentlech zu Onrecht - organiséiert gouf en op engem Terrain, dee 70 Km vu Woodstock ewech läit.

  • Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival

    Véier Jonker hunn 1969 d'Iddi, e Rockfestival iwwer dräi Deeg ze organiséieren a grënnen dorops hi Woodstock Ventures.

  • Trauma Vietnam

    De Krich am Vietnam ass an de 60er Joren en doninante Sujet an den USA. Dee militäreschen Engagement steet ëmmer méi an der Kritik.

  • Black Revolution

    Houfreg, schwaarz ze sinn: an den USA vun de 60er Joren erhiewen ëmmer méi Leit d'Stëmm géint d'Rassendiskriminéierung.

  • 1969

    E Joer wéi keen anert. Ee Joer mat gudden Erënnerungen, mee och mat Evenementer, déi een zum Nodenke bréngen.

  • Master in Space

    D'Uni Lëtzebuerg an d'Regierung maachen de Lien tëschent Fuerschung an Ekonomie.

  • One small step for men - One giant leap for mankind

    Viru 50 Joer, den 21. Juli 1969 huet den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong als éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat.

  • Astrologie - Philosophie oder Hokuspokus?

    D'Perséinlechkeet analyséieren an Entwécklungschancen erkennen, dat ënnerscheet déi psychologesch a spirituell Astrologie vum Bléck an d'Glaskugel.

  • Vollmound an Neiliicht

    Gi mir nom Mound? Mir ginn där Fro no.

  • Fly Me To The Moon

    Liewen um Mound - nach eng Visioun, déi awer scho geschwënn Realitéit kéint ginn.

  • D'Minette am Weltraum

    D'Luxembourg Space Agency an den ambitiéise Projet vum Space Mining.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen