CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

"Aber der Richtige..."

De Richard Strauss kenne mir als de Komponist vun de groussen, spéitromanteschen Toundichtungen an de bedeitenden Operen am Ufank vum 20. Joerhonnert. Mee grad wéi den Gioacchino Rossini huet och den däitsche Komponist seng "péchés de jeunesse", seng Jugendsënnen, op déi en op d'mannst esou houfreg ass, wéi op seng Meeschterwierker. Déi fréi Wierker sinn allerdéngs net dacks ze héieren. D'Arabella Steinbacher huet elo de Geieconcerto an e puer Miniaturen opgeholl.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen