ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich

An enger Zäit, an där eng Rei rietsgeriichte Regierungen an Europa beschloss hunn déi gesetzlech fixéiert Aarbechtszäit nom Prinzip vun der Flexibiliséierung nei auszeriichten; an enger Zäit, an där verschiddentlech Patronatsvertrieder mat der Iddi kommen, déi legal Aarbechtszäit nees ze erhéijen; an enger Zäit, an där d'Numeriséierung an d'Robotiséierung riskéieren zu massivem Aarbechtsplaz-Ofbau ze féieren, ass et net oninteressant e Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze riichten, an an deem Kontext virop op d'Bedeitung vun der Aféierung vum Aachtstonnen-Dag, de 14. Dezember 1918, deemno virun exakt honnert Joer. Den Zäithistoriker Jacques Maas.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen