CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng Ode un den eelere Brahms

Wann et an de leschte Méint een Disk gëtt, edem Instrument Klarinett seng Lettres de Noblesse zeréckginn huet, dann ass et deen, deen erauskoum beim Label DUX. Am Mëttelpunkt zwee wichteg Wierker aus der Kammermusek: de Klarinettentrio opus 114, an de Klarinettequintett opus 115 vum Johanns Brahms. Op der Klarinett de polnesche Museker Arek Adamski.

Dem Manuel Ribeiro säin CD-Tipp.

Arkadiusz Adamski - Klarinett; Apollon Musagete Quartett; Magdalena Wojciechowska - Piano; Marcin Zdunik - Cello; CD DUX 1140

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen