Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Schimpfwortgenerator", een Deel vun der Expo "Sams und die Helden der Kinderbücher (Foto: Historisches Museum der Pfalz/ Melissa Moverley)

Sams an aner Helden aus Kannerbicher

Datt Kannerbicher an d'Figuren aus Kannerbicher grousse Succès hu weist eng Familljenaustellung am Historesche Musée vu Speyer mam Titel "SAMS und die Helden der Kinderbücher". Eng Expo, déi Kanner an Erwuessener an déi fantastesch Welt vun de Kannerbicher entféiert an déi elo bis den 5. Mee dat anert Joer verlängert gouf. An dëser Expo begéint ee fréier an och aktuell Kannerhelden, vum Pippi Langstrumpf a Jim Knopf iwwer de Robbi, Tobbi an de Fliewatüüt bis bei de Grüfelo an de SAMS. Déi ganz Ausstellung steet och am Zeeche vum 80. Anniversaire vum Paul Maar, ee vun de bedeitendsten Kannerbuchauteuren a Papp vum SAMS. Detailer mam Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen