CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

De Sir Simon Rattle an d'Mitsuko Uchida © classiquenews.com

Fënnefmol Beethoven mat Referenzcharakter

De Coffret mat der Mitsuko Uchida soll ee vun hire spektakuläerste Projeten aus deene leschte Jore sinn, heescht et am Pressedossier vun de Berliner Philharmoniker. Hei sinn déi fënnef Pianosconcerti vum Ludwig van Beethoven net just als CDen editéiert, mee och als Video-Blu-ray an als Audio-Blu-ray  Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Pianistin sech mat dëse Concerti intensiv auserneegesat huet. Schonn an den 90er Joren hat si mat aner Orchesteren  Opnamen erausginn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Dr. Mithu Sanyal

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen