Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur
Schockela mat batterem Nogeschmaach
Mir si jo matten dran an enger Zäit, an där Schockela nawell e ganz gefroten Artikel ass. Abee hei dann och e Buchtipp, deen an Richtung Schockela geet, awer kee séisse Schockela, mee éischter batteren. "Bittere Schockolade" ass den Titel vum Tom Hillenbrand sengem neiste kulinaresche Krimi, ewell schonn déi sechste Kéier, datt de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer manner a senger Kichen aktiv ass, mee dofir méi op der Sich no Mäerder a Skandaler aus der Liewensmëttelbranche, an dës Kéier ass et eben um Schockela. De Jean Claude Majerus huet "Bittere Schokolade", erauskomm am Kiepenheuer und Witsch-Verlag, gelies.
Rezent Emissiounen
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen