E Concert mat klassescher Musek, enregistréiert vun engem Radio-Partner aus der Union Européenne de Radio-Télévision (UER).
Concert Euroradio


Brass & liicht Klassik op Hellegowend
Musek vun engem Blechensembel kléngt ëmmer e bësse feierlech. Passend zu Hellegowend, héiert Dir e Concert vum 17. Dezember 2017 mam Brass Consort Köln (Museker vum WDR Sinfonieorchester).
An der zweeter Stonn steet liicht Klassik um Programm:
- A Christmas Bouquet mat Boston Pops Orchestra
- Three Christmas Pictures vum Philip Lane
- Rhapsody Midvinter vum Wilhelm Stenhammar
- Chrëschtmelodië mat den "Pastouraux de Waterloo"
Rezent Emissiounen
-
Symphonik aus dem 20. Joerhonnert
Live-Matschnëtter mam Hallé Orchestra vu Glasgow a mam Radio-Symphonieorchester Prag aus dem Rudolfinum zu Prag
-
Salve Regina
D'Anna Prohaska sengt Schubert a Pergolesi
-
Amerika-Russland
E Concert mam Symphonieorchester vu Sao Paulo aus dem Auditorio Claudio Santoro, presentéiert vum Remy Franck
-
Dido a Kleopatra
D'Sopranistin Anna Prohaska interpretéiert barock Opernarien.
-
50 Joer Euroradio
Iwwert déi lescht 50 Joer hunn d'Membere vun der European Broadcasting Union (EBU) mat Euroradio e prestigiéise virtuelle Concertssall kreéiert.
-
De BBC Symphony an de Finnesche Radiosorchester
Wierker vu Berg, Beethoven, Schumann, Ravel an Adès
-
Quintetter vu Schubert a Boccherini
E Live-Matschnëtt aus dem Luisiana Art Museum
-
Schostakowitsch a Bruckner
De Paavo Järvi dirigéiert den hr-Sinfonieorchester Frankfurt.
-
Royal Concertgebouw Amsterdam
Live-Matschnëtt aus dem Grand Palace Hall zu Bukarest den 23. September 2017, opgeholl vum rumänesche Radio.
-
Vun Tschaikowsky bis Ravel
Den hr-Sinfonieorchester an den Orchestre de la Suisse romande
-
Den Thomas Hengelbrock dirigéiert Mahler
Live-Matschnëtt aus der Elbphilharmonie zu Hamburg
-
Deutsche Kammerphilharmonie Bremen
E Live Matschnëtt aus der Elbphilharmonie vum 3. Mäerz 2017
-
Vun Hamburg op Kattowitz
Live-Matschnëtter vu Concerte mam NDR Elbphilharmonie Orchester an dem Polneschen Nationale Radio Symphonieorchester vu Kattowitz
-
Vu Ravel bis Schostakowitsch
De Symphonieorchester vum Moskauer Conservatoire an den Orchestre Philharmonique de Radio France
-
Christmas Eve
Wierker vum Nikolai Rimsky-Korsakov, vum W.A. Mozart a vum P.I. Tschaikowsky
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen