Eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht fir d'Nationalgalerie

Christian Mosar

Bis haut gëtt et keen ëmfaassend Standardwierk, dat eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht kéint definéieren. An dëser Serie liwwert de Christian Mosar e puer Usätz. Ugefaangen am 18. Joerhonnert bis haut, gëtt eng kuerz awer differenzéiert Konschtgeschicht mat hiren Acteuren an Anekdote gezeechent.

D'Geschicht vun de Lëtzebuerger op der Konschtbiennale Venedeg

D'Konschtbiennale vu Venedeg ass haut net méi aus dem Lëtzebuerger Kulturkalenner ewech ze denken. Besonnesch nodeems am Joer 2003 d'Su Mei Tse fir hire Pavillon de Gëllene Léif, déi héchsten Auszeechnung vum Concours vun der Konschtbiennale vu Venedeg, gewonnen huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen