Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt
Chronik

Spiegel Affär
Et ass e grousse Skandal fir den däitsche Magazin "Der Spiegel": Iwwer Joren huet ee vu senge Journalisten, den 33 Joer ale Claas Relotius, de Magazin selwer a seng Lieser getäuscht. Vill Geschichten sinn zum groussen Deel erfonnt, Protagonisten, mat deenen hien interviewe gemaach soll hunn, ginn et guer net. Dës Affär weist: Et geet um Enn ëm d'Glafwierdegkeet vun all de Medien - an net just vum däitsche Spiegel Magazin, fënnt d'Tessy Steffen Koenig.
Rezent Emissiounen
-
Transparenz a Souveränitéit op Lëtzebuergesch
57 Bicher gi mat op d'Frankfurter Buchmesse. Wéi souverän war de Virgank vum Choix?
-
Des Iraniennes qu'il ne faut pas oublier
Mercredi, les Iraniennes ont pu entrer dans un stade de football pour soutenir leur équipe, ce qui leur était interdit depuis 37 ans. Rien ne dit qu'elles pourront de nouveau le faire.
-
Qui contrôle les chaînes de RTL Belgique?
RTL-TVI, plug et Club RTL sont sous juridiction luxembourgeoise. Ce qui a le don d'agacer le Conseil supérieur de l'audiovisuel belge.
-
Dem Donald Trump seng Ligen iwwer d'Immigratiounspolitik
An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt.
-
Les limites de l'eldorado polonais
La Pologne, persona non grata sur le plan politique, continue d'attirer les investisseurs européens.
-
Belgique: la N-VA contre les droits de l'homme
Le Secrétaire d'État à l'Asile et à la Migration, Théo Francken, a annoncé lundi qu'il "fallait contourner l'article 3 de la convention européenne des droits de l'Homme".
-
Monster Deal: Bayer huet Monsanto kaf
Ee vun de meescht gehaasste Betriber, Monsanto, gouf vum däitsche Pharma- a Chimieskonzern Bayer kaf. Dat werft vill ekologesch, ekonomesch a sozial Froen op.
-
D'Ofdreiwungsgesetz an Nordirland
D'Ofdreiwungen sinn do nach ëmmer verbueden. Nom "Jo" vum Noper Irland de 25. Mee ginn et elo ëmmer méi Stëmmen an Nordirland, déi sech fir de selwechte Wee asetzen.
-
Medie mussen iwwer AfD-Aussoe beriichten
Den Alexander Gauland verharmloost d'Zäit vum Nationalsozialismus. D'Medie kënnen esou Aussoen net am Raum stoe loossen.
-
Nei Regelung néideg fir déi offizielle Mediecampagnë bei Wahlen
Sollen d'Parteie fir d'Wahlcampagne e Matsproocherecht hunn iwwer d'Couverture vun 100,7 an RTL? A wéi ka verhënnert ginn, datt etabléiert Parteien bevirdeelegt ginn?
-
Inkonsequenz vun déi gréng gëtt bestroft
D'Prozedur fir d'Nominatioun vun de Membere vum Staatsrot steet nees an der Kritik. Déi gréng si rosen, mee si musse sech bei der eegener Nues huelen.
-
Opportunitéit mat Erausfuerderungen
Den 1. Mee kritt de Mediegrupp Editpress mam Jean-Lou Siweck en neien Direkter. Neie Wand ass néideg, mä d'Erausfuerderunge si grouss.
-
D'Schwäizer hunn de Service public gerett
Eng gutt Saach fir Informatioun a Kultur.
-
Mir wëlle keng Knouterer méi sinn ...
Den Inspiring Luxembourg Committee huet e Promotiounsfilm fir d'Let's Make it Happen Kampagne maache gelooss.
-
Sondagë spillen eng ze grouss Roll am politeschen Debat
Politesch Sondagë spillen eng grouss Roll, wann an der Ëffentlechkeet iwwert Politik diskutéiert gëtt. Dat feiert zu engem eesäitege politeschen Debat.
Net verpassen
-
Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid
D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen