Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur

Lidd vun alle Lidder virun 200 Joer eng éischte Kéier gesongen
De 24. Dezember 1818 gouf "Stille Nacht, heilige Nacht", Lidd vun alle Lidder, wéi och gäre gesot gëtt, déi éischte Kéier opgefouert. An zwar an der Kierch Sankt Nikolaus zu Oberndorf am Salzburger Land. Datt dëst einfacht Lidd mat senge sechs Strophen e Message an d'Welt géif erausdroen, ass de Leit eréischt Joerzéngte méi spéit bewosst ginn. Op alle Fall hu si dësen 200. Anniversaire vum Lidd laang preparéiert, an de Gebuertsdag gëtt op net manner wéi 13 Stille Nacht-Plazen an dräi éisträichesche Bundeslänner gefeiert. Den däitsche Journalistekolleeg Horst Senker huet sech mat der Geschicht vun dësem Lidd beschäftegt an ass dofir duerch ganz Éisträich gereest a war um Enn iwwerrascht, wat alles hanner dësem Lidd stécht.
Rezent Emissiounen
-
Literatur(en) made in Luxemburg
De literareschen Highlight an der KUFA a Form vun engem Café littéraire huet Loscht op Luxemburgensia gemaach.
-
Filmkritik: High Flying Bird vum Steven Soderbergh
De Steven Soderbergh huet e Basketball-Film gedréit, an deem häerzlech wéineg Basket gespillt gëtt.
-
Dörte Hansen - Mittagsstunde
E beweegende Roman iwwer d'Ëmbréch am fiktiven Dierfche Brinkebüll.
-
Theodoor Van Loon am MNHA
Wéi kënnt et, datt dem caravaggistesche Moler Theodoor Van Loon seng wichtegst Wierker am Nationalmusée ausgestallt ginn?
-
Retrospekt op der Berlinale
Der Esther Rots hire Film ass eng fragmentéiert Erzielung iwwer Gewalt géint Fraen an toxesch Frëndschaft.
-
De KEP an der Kulturkommissioun an der Chamber
Congé culturel, Arts council, Timeline, Accord a Kritik ... de Kulturentwécklungsplang an der Chamber.
-
Points-of-View am Ratskeller vum Cercle Cité
D'Wierker "Libera Pagina!" vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Suzan Noesen a "Soleil Noir" vum franséische Video-Artist Thibault Brunet.
-
Luxfilmfest: Ee Panorama Festival
D'Filmer vum Lëtzebuerger Filmfestival ginn dëst Joer och mëttes gewisen. Déi 9. Editioun ass duerch Produktiounen aus der ganzer Welt markéiert.
-
Ein Känguru wie du
E villschichtegt Theaterstéck fir Kanner, dat esou muench Erwuessener net frou mécht.
-
Nei Filmer
Eng gutt vollgepaakte Woch mat net manner wéi sechs Filmer, vun deenen der zwee op engem japanesche Manga baséieren.
-
"Une Colonie" op der Berlinale
De Coming-of-Age-Film "Une colonie" aus dem Québec leeft um Filmfestival zu Berlin.
-
Expo: The State Of Deception
Den United States Holocaust Museum huet eng Ausstellung iwwer Nazi-Propaganda zesummegestallt, déi elo an der Abtei Neimënster ze gesinn ass.
-
De musikalesche Kapp vun den "Doors"
De Museker, Komponist mat sengem speziellen Doors-Uergelsound Ray Manzarek géif haut 80 Joer kréien. En ass den 20. Mee 2013 gestuerwen.
-
Projet fir den Escher Ariston
D'Gebai vum fréiere Kino Ariston ass awer erëm en Thema fir d'Gemeng Esch. De Schäfferot bréngt de Projet vun enger regionaler Theaterbühn an d'Gespréich.
-
let's wander slowly through the fields ...
... an dat an dem Steve Gerges seng "Fields", déi an der CeCiL's Box op méi e geneeë Bléck invitéieren.
Programm
-
Vincent Peirani Tri - Live zu Hamburg
-
On air
Panorama
-
Jazz, Rock a Gaardebounen
-
New Cotton Club - Mix easy listening Jazz
-
Notturno
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Media & Me: Backstage bei Medienberufen
Bewerbungsphase für Projekt zur Medienausbildung 2019 gestartet
-
radio 100,7 revue par ses pairs
A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen