Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Lidd vun alle Lidder virun 200 Joer eng éischte Kéier gesongen

De 24. Dezember 1818 gouf "Stille Nacht, heilige Nacht", Lidd vun alle Lidder, wéi och gäre gesot gëtt, déi éischte Kéier opgefouert. An zwar an der Kierch Sankt Nikolaus zu Oberndorf am Salzburger Land. Datt dëst einfacht Lidd mat senge sechs Strophen e Message an d'Welt géif erausdroen, ass de Leit eréischt Joerzéngte méi spéit bewosst ginn. Op alle Fall hu si dësen 200. Anniversaire vum Lidd laang preparéiert, an de Gebuertsdag gëtt op net manner wéi 13 Stille Nacht-Plazen an dräi éisträichesche Bundeslänner gefeiert. Den däitsche Journalistekolleeg Horst Senker huet sech mat der Geschicht vun dësem Lidd beschäftegt an ass dofir duerch ganz Éisträich gereest a war um Enn iwwerrascht, wat alles hanner dësem Lidd stécht.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Aktuelles - Drogekonsumraum Norden

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen