Post vum Guy

Guy Helminger

De Schrëftsteller Guy Helminger schéckt dem radio 100,7 regelméisseg Post.

Dubai (c) Guy Helminger

Dubai-Walk an aner Strecken

De Guy Helminger ass zu Dubai a versicht, e bësschen zu Fouss ze goen. Dat ass do, wou d'Stroossen esou breet wéi Fussballfelder laang sinn a keen un d'Foussgänger beim Baue geduecht huet, net esou einfach. Konscht gëtt et der och vill an den Emiraten, modern Konscht, feministesch Konscht, déi méi wéi engem weist, dat bei aller berechtegter Kritik, säi Bild vun dësem Land doheem um Kanapee liicht verstëbst ass.

Rezent Emissiounen

  • Mam Vëlo duerch Guilin

    De Guy Helminger ass a China zu Guilin a rullt mam Vëlo duerch d'Géigend. Bei deem Smog brauch ee gutt Longen.

  • Chinesesch-portugisesch Virbereedungen: Um Wee a China

    De Schrëftsteller Guy Helminger ass a China op e Festival agelueden. Wéi ëmmer kuckt hien iwwert de literareschen Tellerrand ewech a wäert an där klengster Gaass Geschichte fannen.

  • Pathein

    Post vum Guy Helminger aus dem Süden vum Myanmar, wou eisen Auteur sech wuelfillt an de Patheinfloss erofschaukelt, Dierfer besicht an e buddhistesche Mönch.

  • Yangon ënner Waasser

    Mat senge Schrëftstellerkollege schwätzt de Guy Helminger a Workshoppen ë. a. iwwert Zensur, déi et net méi soll ginn. Dat weess do awer net all Mënsch.

  • "Eng Schueberfouer ouni Karusseller"

    ... wou alles méi roueg soll sinn, wéi zu Hanoi. Mä heiansdo freet ee sech, ob et gutt ass zréckzegoen eng Plaz, déi een a beschter Erënnerung huet?

  • Aus Hanoi

    De Guy Helminger hänkt zu Hanoi am Vietnam an huet eis geschriwwen, datt Reesen, am Géigendeel vu Vakanz maachen, heiansdo ustrengend ka sinn.

  • No der Rees ass virun der Rees

    De Guy Helminger schreift nawell gär. Schonn ier hie seng Rees an de Vietnam an de Myanmar untrëtt, hu mer Post vun em kritt.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen