Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Christmas!

De Soundtrack fir d'Chrëschtdeeg gëtt zu engem gudden Deel matbestëmmt duerch groussaarteg Interpreten aus der Jazzwelt. De Pol Belardi stëmmt Iech op déi besënnlech Feierdeeg um Enn vum Joer an, mat enger Selektioun vu bekannten a manner bekannte Songs, déi dozou bäidroen, datt et engem zu der kaler Joreszäit awer gutt schuckeleg waarm gëtt. Vu Solo bis Big Band, vu Frank Sinatra iwwer Ella Fitzgerald bis zu minimalisteschen Takes vun engem Bugge Wesseltoft gëtt et vill feierlech an awer trotzdeem sophistiquéiert Musek, déi jiddwereen an de richtege Chrëscht-Feeling soll bréngen.

Rezent Emissiounen

  • Ben Wendel - The Seasons

    En Disk mat 12 Kompositiounen, déi de Ben Wendel fir Museker geschriwwen huet, déi hien inspiréieren.

  • Taylor McFerrin

    De Jong vum Bobby ass selwer och Museker, dee seng eege Richtung fonnt huet an dat mat engem Interessante Mix vun Elektronik an Akustik. 

  • Cannonball Adderley

    Den Julian "Cannonball" Adderley ass méi wéi nëmmen den Altsaxofonist, dee mam M. Davis gespillt huet. Entdeckt Live-Matschnëtter vu senger Band am Quintett a Sextett.

  • Austin Peralta

    En iwweraus villverspriechenden Jazzpianist, deen eis 2012 am zaarten Alter vun 22 Joer verlooss huet.

  • Piano Trio - Swing mat Bluescharakter

    E Format dat nieft der traditioneller Jazz-Harmonie a Melodik eng gutt Partie Blues-Langage benotzt.

  • Art Blakey

    Art Blakey and the Jazz Messengers, eng Band, déi iwwer Joerzéngten ëmmer erëm nei Albumen erausbruecht huet, déi bis haut begeeschteren.

  • Blue

    Vu de "Blue Notes" bis Kind of Blue...d'Faarw Blo zitt sech queesch duerch d'Jazzgeschicht!

  • Hammond

    D'Hammond Uergel spillt a ville Stiler eng wichteg Roll. Dir héiert Musek vun ënner anerem dem Jimmy Smith an dem Rhoda Scott.

  • Blues-Form

    De Blues beschreift net nëmmen eng Stilrichtung, mee och eng meeschtens 12-taktesch Form, déi et an all hiren Zoustänn och queesch duerch d'Jazzgeschicht gëtt.

  • Israel, musikalesch am Fokus

    E Land dat kulturell a musikalesch immens vill ze bidden huet, wéi zum Beispill déi dräi Musiker Shai Maestro, Yaniv Nachum a Gilad Hekselman.

  • Our Year

    2018, e Joer an deem vill geschitt ass, souwuel an der Welt wéi och an der Musek.

  • Christmas!

    Och am Jazz gouf déi besënnlech Zäit schonn ëmmer ganz grouss geschriwwen. Mir stëmmen Iech musikalesch op d'Chrëschtdeeg an!

  • Happy Birthday McCoy Tyner

    En Jazzmusiker, deen 80 Joer krut, dat ass schonn e Grond fir ze feieren.

  • Good Vibes - De Vibraphon am Jazz

    Ee méi exotescht Instrument: De Vibraphon. Een nach relativ jonkt Instrument, dat trotz allem eng prominent Roll besonnesch an der Jazzwelt huet. 

  • No Harmony wanted!

    Obwuel Piano a Gittar ëmmer gäre gesinn Instrumenter an enger Band sinn, verzichte verschidde Museker entweder bewosst oder gezwongenermoossen drop.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen