Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Réckbléck: LuxLeaks Prozess

Fir ee vun den Acteuren an der LuxLeaks Affär ass de Prozess dëst Joer op en Ënn gaangen: den Antoine Deltour huet um Ënn just missen e symboleschen Euro u säi fréieren Employeur Pricewaterhouse Coopers bezuelen. Dat nodeems säi Whistleblower-Status ugangs vun dësem Joer vum Cassatiounsgeriicht unerkannt gouf. Vum zweete fréiere PwC-Mataarbechter Raphael Halet wäert een nach héieren, hie gouf net als Whistleblower unerkannt an huet decidéiert op de Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg ze goen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen