Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Diner for One", Kult op Sylvester

Méindeg ass Silvester a wat wär e Silvester ouni de Butler James a seng Miss Sophie, déi hiren 90. Gebuertsdag feiert. Dir wësst ëm wat et geet, wéi all Joers op deem leschten Dag vum Joer, heescht et "Dinner for One". Et ass fir vill Leit all Joer um 31. Dezember, op Silvester also eng Traditioun ginn, sech op der Tëlee de britesche Kabaretsketch "Dinner for One" oder den 90. Gebuertsdag eranzezéien. De Jean Claude Majerus wäert "Dinner for One" e Méindeg och nees fir d'x-te Kéier kucken.

Rezent Emissiounen

  • Come Home - Rigmor Gustafsson

    Deen neie CD vun der schwedescher Jazzsängerin proposéiert ë. a. iwwerschaffte Versioune vun Joni Mitchell, Kate Bush an Tanita Tikaram.

  • Portrait vum Charles Bukowski

    Den amerikanesche Schrëftsteller ass viru 25 Joer gestuerwen. Dichter, Alkoholiker, Provokateur: Den "dirty old man" war eng Ikon vun der amerikanescher Géigekultur.

  • Weltfraendag an der Abtei Neimënster

    Ainhoa Achtegui am Gespréich iwwer d'Bedeitung vum 8. Mäerz an d'Manifestatiounen an deem Kontext an der Abtei Neimënster.

  • Dr. Mirjam Sachse iwwer d'Clara Zetkin

    E Gespréich mat der Historikerin vum Archiv der deutschen Frauenbewegung Kassel iwwer d'Fraerechtlerin Clara Zetkin.

  • Première: Vanitas. Live fast, never digest

    E liewegen Tableau iwwer d'Stierflechkeet an der Escher KUFA. Eng zeenesch Kreatioun vum Kënschtlerduo Sandy Flinto a Pierrick Grobéty.

  • Ouverture LuxFilmFest

    De Stater Filmfestival huet haut ugefaangen. Eis Journalisten diskutéieren iwwer zwee Filmer: "The Third Wife" (Ash Mayfair) a "Ray & Liz" (Richard Billingham). 

  • "Ungeräumig" am Wallis Paragon vum Frank Yvan

    Fir de Kënschtler Frank Yvan ass de Mënsch haut "ungeräumig": en ass isoléiert a gefaangen, trotz all senger Kommunikatiounsméiglechkeeten.

  • Wat wousst de Poopst Pius XII?

    De Poopst François mécht deen Deel vum geheime Vatikan-Archiv iwwer den ëmstriddene Poopst Pius XII fir Fuerscher d'nächst Joer op.

  • "Le Détroit" vum Stan Douglas am Mudam

    De Lissabonner Joâo Chaves huet sech op de Montage vu komplexe Film-Installatioune spezialiséiert. Och de Mudam schafft mat him zesummen.

  • Nei Filmer

    Wat leeft dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen un?
     

  • "Luxembourg for Kids" am MNHA

    En neie Kannerparcours duerch den MNHA, mat enger spezieller Broschür mat einfachen Texter a kreativen Aufgaben.

  • "Histoire de la Réforme, histoire réformée." Eric Vuillard am Gespréich

    Den Laureat vum Prix Goncourt 2017 Eric Vuillard iwwer säin neit Buch "La Guerre des Pauvres".

  • Däerfen d'Venezuelaner net bleiwen, wat si sinn?

    Virun der offizieller Visite vum russesche Premier huet d'US-Ambassade d'Lëtzebuerger Regierung opgeruff, Drock ze maache wéinst der Krim.

  • "Bed In For Peace"-Aktioun zu Amsterdam

    Viru 50 Joer hunn den John Lennon an d'Avantgarde-Artistin Yoko Ono siwen Deeg am Pyjama am Bett géint de Vietnam-Krich a fir de Fridden demonstréiert.

  • Eng wouer Geschicht: d'Kanner vu Moissac

    D'Stad Moissac ass fir hir Drauwen, e Stéck Jacobswee ... bekannt. Biller vun enger vergiessener Geschicht hänken den Ament am Neimënster.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen