Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

Generator

Um Enn vum Joer ass et Zäit zréckzekucken an dat maachen d'Fanny an de Pit och an dëser Emissioun. Et ginn Extraiten aus Interviewe mat Gäscht, déi iwwer d'Joer am Generator waren an et ginn och e puer Performances, déi 2018 live am Studio gespillt a gesonge goufen. Donieft presentéieren d'Fanny an de Pit nach e puer Lidder, déi hinnen dës Joer besonnesch gefall hunn.

Rezent Emissiounen

  • Generator

    Et geet ëm d'Mini-Entreprise Say It an de BD Festival leschte Weekend zu Contern.

  • Generator

    Scavenger's Lunch sinn op Besuch. Donieft geet et ëm d'Organisatioun SOS Faim an e Gemeinschafts-Bongert.

  • Generator

    Mir kucken dës Woch op komplex Kaartespiller an d'Ëmwelt ass en Thema.

  • Generator

    De Rapper Brebo ass op Besuch. Donieft geet et ëm d'Associatioun Narin an de Projet Äerdschëff.

  • Generator

    Et geet ëm den ClimateXchange-Rapport an ëm Magic Bombs.

  • Generator

    Mir schwätzen iwwer Drogen- an Alkohol-Mëssbrauch, iwwer de Siren's Call a Vakanzenjobben.

  • Generator

    Zwee Museker stellen hier nei Titele fir an et gëtt e Commentaire zu Videospiller.

  • Generator

    Déi Jonk Museker vun Dessy Mesk sinn am Studio. Donieft gëtt et och e Reportage zu intergeschlechtleche Mënschen.

  • Generator

    Fake News, Lego a Provokatioun sinn dës Kéier Thema.

  • Generator

    Invitée sinn den éisträichesche Fotograf David Uzochukwu an de Lëtzebuerger Schifuerer Matthieu Osch.

  • Generator

    Et gëtt dës Kéier an der Kichen iwwer Gläichberechtegung diskutéiert a Kugelstoussen ass en Thema.

  • Generator

    Et gëtt an der Kiche vum radio 100,7 nees debattéiert an den Tom erzielt firwat en ënnert dem Numm "The Happy Man Project" vu Köln bis op Iechternach leeft.

  • Generator

    Jonk Politiker diskutéieren dës Kéier nees iwwer d'Ëmwelt an zwee Jonker verkafen Äerdnossbotter fir e gudden Zweck.

  • Generator

    Déi éischt Editioun vun de Kichegespréicher am Kader vun den Europawahlen a vill Hip-Hop, stinn um Programm.

  • Generator

    CHEAK! hunn déi nächst Woch Release an der Rockhal, d'Kënschtlerin Irina Moons an Taiwan an d'Europäescht Jugendparlament war zu Schengen.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen