Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Christian Thielemann an d'Wiener Philharmoniker prouwen fir den 1.1.2019 © Benedikt Dinkhauser

Première fir de Christian Thielemann

Muer de Mueren, nodeems längst all d'Knupperte vu Silvester ofgeschoss hunn, gëtt et wéi zanter 79 Joer gewinnt, dat musikalescht Freedefeier fir dat neit Joer anzelauden: den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker. An do stinn net nëmme musikalesch e puer Premièren um Programm, et ass virun allem dem Christian Thielemann seng Première als Dirigent vun dësem weltwäiten Event.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen