ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden

D'Nokrichsepuratioun huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Fréier Kollaborateuren an hir Familljememberen hunn dono nach jorelaang eng Minoritéit vun ofgegrenzten Apatridë gebilt. Well een déi Leit awer net konnt lassginn gouf et néideg, hir Attitüd ze vergiessen. D'Amnestie huet den zéngjärege Biergerkrich ofgeschloss. Dono konnt behaapt ginn, datt d'Lëtzebuerger all resistéiert haten.

Rezent Emissiounen

  • De Chrëschtbam vu Groussbus

    An der Nuecht vum 28. Dezember 1940 hu Lëtzebuerger Nazien eng Strofexpeditioun zu Groussbus organiséiert.

  • Damnatio memoriae

    Wien huet d'Nei Bréck gebaut? En Hommage un e couragéierten Ingenieur, dee fir d'éischt verdaamt an dono verdrängt gouf.

  • Going native: George Platt Waller

    Während dem Krich huet en amerikaneschen Diplomat Honnerte Judden gehollef, Lëtzebuerg ze verloossen. Seng Niess engagéiert sech, datt hien als Gerechten unerkannt gëtt.

  • Ordinary men ...

    Diktaturen operéieren an der Geschicht mat Negatioun a Fälschung. Demokratien detournéieren d'Geschicht op eng aner Aart a Weis.

  • Dem Kleesche säin Iesel

    Vum Liewewiesen zur Wuer an nees zréck - dem Déier säi Status huet sech an de leschte Joerhonnerten ëmmer nees verännert.

  • D'Flüchtlingsfro an d'Importatioun vun Nazi-Denkweisen

    Andeems et d'Judde verdriwwen huet, huet dat Drëtt Räich seng Obsessiounen a säi Weltbild exportéiert. Och op Lëtzebuerg.

  • Time to remix

    Am zweeten Ulaf huet et geklappt. Esch an d'Südregioun kréien den Titel Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Mat enger neier Thematik, Remix culture.

  • Männer vu gëscht a vun haut

    Den neien Andy-Bausch-Film iwwer d'68er-Beweegung ass keng kritesch Geschichtsduerstellung. Och wat d'sexuell Revolutioun vun deemools ugeet.

  • De parlamentaresche Volksstaat

    Am November 1937 huet Lëtzebuerg definitiv de Modell vum antidemokratesche Liberalismus géint dee vun der razialer Demokratie getosch.

  • Vun der Revolutioun zum Enn vun den Utopien

    Virun 100 Joer, de 25. Oktober 1917 (7. November an eisem Kalenner) ass zu St. Petersburg d'Oktoberrevolutioun ugaang.

  • Urdäitsch Muselfranke mat italieneschen Originen

    Während dem Krich waren eenzel italieneschstämmeg Lëtzebuerger schonn esou assimiléiert, datt si bereet waren ... däitsch Nationalsozialisten ze ginn.

     

  • Vum Sockel gestierzt

    Soll ee Monumenter ofrappen, wann se ideologesch problematesch sinn? Oder kann een an hinnen einfach Zeie vun enger gewësser Zäit gesinn?

  • Lëtzebuerg, eng Vëlosnatioun?

    An der Praxis sinn d'politesch Responsabel, wéi d'Gemengewahlen weisen, an der Logik vum Vëlo als Fräizäitbeschäftegung a vun autogerechte Stied bliwwen.

  • D'Zwangsrekrutéierung desacraliséieren

    Eng konformistesch Erzielung huet laang Zäit d'historesch Fuerschung iwwer d'Zwangsrekrutéierung gehemmt.

  • D'Brout vu Vilar Formoso

    Sou wäit, an awer sou no: Déi portugisesch Stad Vilar Formoso ass duerch d'Geschicht vum Zweete Weltkrich mat Lëtzebuerg verbonnen.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen