Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.
CD-Klassik


Eng éischtklasseg Besetzung
Un dat emblematescht Wierk Otello vum Shakespeare hu sech net vill Komponiste getraut. Dem Verdi seng Oper, op e Libretto vum Arrigo Boito, ass immens gelongen, och wann de Komponist sech mat den Opféierunge senger Zäit net ufrënne konnt. De Choix vun den Opname vun dësem Otello ass grouss. Elo gëtt et eng nei beim Label Pentatone mat exzellenten Interpreten.
Rezent Emissiounen
Net verpassen
-
Live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen