Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Neie Kongress, an nach ëmmer e Government Shutdown

An den USA huet en Donneschdeg eng nei Ära ugefaangen am Kongress, well do hunn Demokraten d'Kontroll iwwerholl. Fir déi éischte Kéier a senger Zäit am Wäissen Haus huet den Donald Trump et elo mat engem Kongress ze dinn, dee politesch an zwee gespléckt ass. D'Republikaner hu weiderhin d'Kontroll am Senat, mee am Representantenhaus ass d'Demokratin Nancy Pelosi elo d'Cheffin. Si huet iwwer e Vott presidéiert fir dee 14-Deeg laange Shutdown op en Enn ze bréngen, mee Republikaner am Senat an d'Wäisst Haus hunn dëse Gesetzesprojet verworf, wéinst dem Mangel u Budget fir eng Mauer op der Grenz mat Mexiko. 

De radio 100,7 Washington-Korrespondent Philip Crowther mécht de Resumé.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen