Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles
Brexit: Reportage vun der nordirescher Grenz
A manner wéi dräi Méint, den 29. Mäerz, soll Groussbritannie bekanntlech aus der Europäescher Unioun austrieden. Nach ëmmer gëtt et keen Accord tëschent London a Bréissel doriwwer, wéi dat genee soll fonctionnéieren - an dat virun allem wéinst der Grenz tëschent Nordirland an Irland. Déi nordiresch Partei DUP, op där hir Ënnerstëtzung d'Regierung vun der Teresa May ugewisen ass, wëllt op kee Fall dee sougenannte Back Stop Plang acceptéieren. Dëse gesäit jo vir, datt et och nom Brexit, an enger Iwwergangsphas, keng haart Grenz tëschent Nordirland an Irland wäert ginn, esou datt Mënschen a Wuere weiderhin ouni Problem hin an hier passéiere kënnen. De Simon Larosche ass am Moment an Irland a war Leit op béid Säite vun der Grenz ëm hir Meenung froen.
Rezent Emissiounen
-
Reaktioun vun Nordirin op de Brexit-Vott
De Vott am britesche Parlament iwwer d'Brexit-Ofkommes geheit net just fir politesch Observateuren, mee och fir Privatleit Froen op.
-
Brexit: Wéi geet et elo virun zu London?
Theresa May huet de Brexit-Vott am Parlament däitlech verluer.
-
Hoffnung fir Persoune mat enger Fëschallergie
Fuerscher vum LIH (Luxembourg Institute of Health) hunn erausfonnt, datt verschidde Fëschzorten net esou allergen si wéi anerer.
-
Brexit: Kruziale Vott
D'britescht Parlament stëmmt haut iwwer de Brexit Akkord of. Et ass wahrscheinlech, datt den Akkord ofgeleent gëtt. Wat duerno geschitt, ass onkloer.
-
Transitioun Lëtzebuerg
En Netzwierk, dat lokal Ëmwelt-Gruppe verbënnt an d'Leit iwwer Nohaltegkeet informéiert
-
Anti-Terror-Übung an der Rockhal
Op Esch-Belval ass e Samschdeg den Eeschtfall getest ginn: simuléiert gouf eng terroristesch Attack, en Attentat, während engem Concert.
-
Dräikinnekstreffen CSV
D'CSV muss sech der sozialer Fro erëm méi stellen. Dat ass dem Charel Schmit no eng Erkenntnis vun der Denkfabrik vun der CSV de Weekend.
-
LTL's Comic Con
Schüler aus dem Lycée vu Lalleng lueden op hir Comics-Foire an. Den Erléis ass fir e gudden Zweck.
-
Wat war lass an Europa? Wocheréckbléck op d'EU-Politik
Mir kucken zeréck op d'EU-politesch Woch mat eiser Korrespondentin Danièle Weber.
-
Pkw Maut: "Zu Lëtzebuerg géif esou e Peage net vill bréngen"
Déi däitsch Pkw Maut soll am Hierscht 2020 ageféiert ginn. Zu Lëtzebuerg wär elo mol keen esou e Peage geplangt, seet de Minister François Bausch.
-
Schnéichaos an Éisträich
Wéi ginn d'Awunner vum éisträichesche Sölktal mat der extremer Wiedersituatioun ëm?
-
London: D'Debatt ëm de Brexit huet erëm ugefaangen
Am britesche Parlament gëtt zanter gëschter erëm iwwer de Brexit diskutéiert, éier et d'nächst Woch mam Vott eescht gëtt. En Iwwerbléck.
-
Refill Lëtzebuerg
Duerch d'Initiativ bidden de Moment verschidde Geschäfter a Caféen et un, datt ee säi Waasserbidon gratis mat Krunnewaasser kann opfëllen.
-
Zesummenaarbecht an der Groussregioun
De Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun (WSAGR) huet seng Recommandatioune fir eng besser Zesummenaarbecht presentéiert.
-
CLC informéiert Betriber fir d'Sozialwahlen
D'Sozialwahle komme méi no, an am Virfeld vum 12. Mäerz gi sech an de Betriber eng Rei Froe gestalt op déi d'clc Aentwerte liwwert.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen