Mir Klengbierger

Thierry Simonelli

Den Thierry Simonelli beliicht de Klengbiergertum an all senge Facetten, dat vu sengem Entstoen, iwwer seng Entwécklung bis an eis aktuell Gesellschaft, wou de Klengbierger nawell nach laang net verschwonnen ass.

Déi nei Klengbierger

Am 20. Joerhonnert ginn déi traditionell Klengbierger zwar ëmmer méi seelen. Mee donieft hu sech nei Aarte vu Klengbierger ausgebilt, déi elo virun allem an den Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberuffer aktiv sinn. Aus deem Grond si Klengbierger dann net méi aus der Perspektiv vun der marxistescher Klassenanalys ze faassen. Wat awer charakteristesch bleift, dat ass hiren Habitus: hire Liewensstil, hir Wäerter an Normen a ganz besonnesch hire Rapport zur Kultur. Kultur ass fir Klengbierger e Wäert oder e Besëtz, deen dozou déngt, sech gesellschaftlech ze distinguéieren.

Rezent Emissiounen

  • D'Politik vun de Klengbierger

    D'Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst.

  • D'Sozialpsychologie vum Klengbierger

    Als Kanner an enger Klengbiergerfamill gi mir grouss mam séchere Gefill, dat mir eppes Besseres gi solle wéi eis Elteren.

  • D'Séil vun de Klengbierger

    Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll.

  • Déi nei Klengbierger

    Am 20. Joerhonnert ginn déi traditionell Klengbierger méi seelen. Nei Aarten hu sech ausgebilt, déi virun allem an den Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberuffer aktiv sinn.

  • Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum

    Klengbierger waren net nëmme Spiisser, mee haten och e puer interessant sozial, ekonomesch an esou guer politesch Charakteristiken.

  • Klengbierger an der Kritik

    Dat éischt Gebot vum Klengbierger ass alles ze maachen, datt een him de Klengbierger net umierkt. An dat bedeit dacks eng haart Aarbecht um äusseren Erscheinen.

  • Wie sinn d'Klengbierger? En Iwwerbléck

    Den Numm ass kee Kompliment: Kleng Bierger si mannerwäerteg Bierger, déi gären esou wären oder gären esou maache wéi déi Grouss.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen