Mir Klengbierger

Thierry Simonelli

Den Thierry Simonelli beliicht de Klengbiergertum an all senge Facetten, dat vu sengem Entstoen, iwwer seng Entwécklung bis an eis aktuell Gesellschaft, wou de Klengbierger nawell nach laang net verschwonnen ass.

D'Sozialpsychologie vum Klengbierger

Als Kanner an enger Klengbiergerfamill gi mir grouss mam séchere Gefill, dat mir eppes Besseres gi solle wéi eis Elteren. Si weisen eis a wéi eng Richtung et geet, an och wa mir eis dogéint striewen an alles maache fir net esou ze ginn wéi si, bleiwe mir der Richtung dach ëmmer trei. Well och fir eis heescht net esou ze ginn wéi si, eppes Besseres ze ginn. An esou reproduzéiere mir eis als gesellschaftlech Schicht vu Klengbierger, ëmmer anescht, an anzwousch dach ëmmer gläich. Mir striewen no eppes anerem an dach wäerte mir bleiwe wat mir sinn. Vläicht och well et am Fong dat ass, wat mir wierklech wëllen ...

Rezent Emissiounen

  • D'Politik vun de Klengbierger

    D'Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst.

  • D'Sozialpsychologie vum Klengbierger

    Als Kanner an enger Klengbiergerfamill gi mir grouss mam séchere Gefill, dat mir eppes Besseres gi solle wéi eis Elteren.

  • D'Séil vun de Klengbierger

    Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll.

  • Déi nei Klengbierger

    Am 20. Joerhonnert ginn déi traditionell Klengbierger méi seelen. Nei Aarten hu sech ausgebilt, déi virun allem an den Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberuffer aktiv sinn.

  • Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum

    Klengbierger waren net nëmme Spiisser, mee haten och e puer interessant sozial, ekonomesch an esou guer politesch Charakteristiken.

  • Klengbierger an der Kritik

    Dat éischt Gebot vum Klengbierger ass alles ze maachen, datt een him de Klengbierger net umierkt. An dat bedeit dacks eng haart Aarbecht um äusseren Erscheinen.

  • Wie sinn d'Klengbierger? En Iwwerbléck

    Den Numm ass kee Kompliment: Kleng Bierger si mannerwäerteg Bierger, déi gären esou wären oder gären esou maache wéi déi Grouss.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen