D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.
Blue Note
Jazz am Neimënster am Januar 2019
Bei der zweeter Editioun vum RESET-Projet am Neimënster ass als Lëtzebuergerin Claire Parsons derbäi. Och de bekannten Jazzpianist Céric Hanriot ass am Kader vun den Apéro-Jazz Concerten ze héieren. Hien trëtt den 13. Januar an enger Trioformatioun op.
Fir säin neien Disk huet de Bassist Christian McBride nees immens Museker mat an d'Boot geholl, an zwar dës Kéier als Quartett. Dësen Opus beim Label Mack Avenue heescht "Christian McBride's New Jawn".
Rezent Emissiounen
-
OpderSchmelz: den Jazz bis an den Dezember 2018
Den Jazzprogramm am Kulturzenter zu Diddeleng. Blues op der Musel an den neien CD vu Slowly Rolling Camera: "Juniper".
-
Nei Diske vum Ivo Neame a Christian Sands
De Brit Ivo Neame ass mat enger neier Band zeréck. De Pianist Christian Sands huet och en neien Disk erausginn.
-
Trio Günder-Müller-Gand
Den Trio Günder-Müller-Gand am Neimënster. Déi nei CD vu Phronesis. Jazz op der Plëss.
-
David Fettmann am Neimënster
Apéro-Jazz mam David Fettmann (W-Knobs) - Jazz im Brunnenhof Tréier (Markus Stockhausen Quadrivium) - CD-Tipp Pablo Held Trio: "Investigations"
-
D'Stefanie Boltz bei Summer Night Voices
Vill gefällegen Jazz den 24.8.2018 op der Plëss. Eng nei CD-Produktioun vun Dinosaur an Jazz im Brunnenhof zu Tréier.
-
Wéi schafft ee fir eng Produktioun?
De Pol Belardi weist, wéi hie fir eng CD-Produktioun schafft. Nei CD vun der Stanley Clarke Band. Son del Nene bei Jazz im Brunnenhof zu Tréier.
-
Aktualitéit an der Groussregioun
Concerten an der Groussregioun an déi nei CD vum Saxophonist Julian Argüelles
-
Gaume Jazzfestival Rossignol 2018
Vum 10. bis den 12. August 2018 zu Rossignol-Tintigny
-
Gouvy is groovy Festival / CD-Release Harold Lopez-Nussa
D'Jazz op der Ferme de la Madelonne vum 3. bis den 5. August 2018 an déi nei CD "Un dia Cualquiera"
-
Blues'n Jazz Rallye 2018 / Tia Fuller - "Diamond Cut"
Wat gëtt et dëst Joer am Blues'n Jazz Rallye am Gronn den 21. Juli 2018 ze lauschteren? / Deen neien Album vun der Saxophonistin a Komponistin
-
Dinant Jazz Festival
De Programm vum Dinant Jazz Festival, deen de leschte Weekend am Juli ofgehale gëtt a Musek vum Pianist Hank Jones, deen am Juli 100 Joer al gi wier.
-
Favourites by Dahm + Belardi
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren hir ganz perséinlech Coup de Coeuren aus der Saison 17/18.
-
Pit Huberty / John Wolter: Drums!
Jonk Jazz-Batteuren zu Lëtzebuerg
-
Stéphanie Neigel an den Jazzpote Thionville
D'Stëmm vum Paul Fox Collective stellt hiren Album vir: "In Sachen du" an den Jazzpote Thionville steet um Programm.
-
Summerjazz
E Fokus op de Programm vum gréissten europäeschen Jazzfestival, den Northseajazz zu Rotterdam.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen