Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Esch 2022 - Wéi geet et weider?

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. Am Moment setzen d'Generaldirectrice Nancy Braun an den artisteschen Direkter Christian Mosar zu Déifferdeng, well nach keng Büroen zu Esch disponibel sinn. Trotzdeem gëtt elo mat der neier Kommunikatiounspersoun versicht am Dossier Esch 2022 weiderzekommen. D'Nancy Braun verréit am Gespréich mat der Valerija Berdi, wou de Projet aktuell drun ass a wat déi nächst Schrëtt a Richtung Kulturhaaptstad sinn. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen