Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Nailed To Obscurity

Release vun der Woch: Nailed To Obscurity - Black Frost (9,5/10)

D'nächst Woch bréngt déi däitsch atmosphäresch Progressive Metal Band Nailed To Obscurity hire 4. Album Black Frost eraus. Verëffentlecht gëtt den Album vu kengem Geréngeren, wéi vum beléiften a bekannten däitsche Label Nuclear Blast. Zwar gouf d'Band well ënner Vertrag geholl, iert Nuclear Blast den neien Album héieren huet, mä et ass trotzdem wuelverdéngt, dass dësen Album hei verëffentlecht gëtt.

OP Black Frost weise sech déi 5 Borschten nämlech progressiv a kuerzweileg, wéi nach ni virdrun an hunn eng Atmosphär opgebaut, déi sengesgläiche sicht. Alleng de Fakt, dass d'Musek op Black Frost nach méi doomeg an nach e Krack méi lues, dofir awer ëmsou méi intensiv ass, dréit vill dozou bäi.

D'Songs sinn iwwerdeems méi strukturéiert, méi duerchduecht an et huet een zu kengem Moment d'Gefill, dass einfach nëmme Riffer unenee gepescht goufen, mä dass d'Band bei all Riff, bei all Hook a bei all Iwwergang genee iwwerluecht huet, wéi eng Wierkung dat ganzt soll hunn an esou déi richteg Akzenter op de richtege Plaze sëtzt.

Ervirhiewe kann een och, dass sech d'Band och op egem techneschen Aspekt weiderentwéckelt huet, ënnert anerem och de Sänger Raimund, deen op Black Frost nach vill méi Dynamik a seng Stëmm bruecht huet, wéi nach op King Delusion.

Als Fazit kann ee soen, dass Black Frost een atmosphäresche progressive Melodeath Album, deen absolut näischt ze wënschen iwwreg léisst an a Punkto Dynamik kaum nach ze iwwertreffen ass.

Playlist

Iced Earth - Desert Rain

Any Given Day - Loveless

Soilwork - Stålfågel

Candlemass - The Omega Circle

Ghost Ship Octavius - Edge Of Time

Nailed To Obscurity - Aberrant Host

Children Of Bodom - Under Grass And Clover

Hammerfall - Dreamland

Whitechapel - Black Bear

Shadowhispers - Slow Death

Rezent Emissiounen

  • Sleepers' Guilt & The Majestic Unicorns From Hell

    Haut schwätzt den David mat de Museker vu Sleepers Guilt iwwert hiren neien Album a stellt iech och den neien Album vun de Majestic Unicorns From Hell vir.

  • Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

    Am Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm eng speziell Serie vu Concerten am Mudam, et gëtt Neiegkeeten aus der lokaler Zeen an den Agenda vun den nächste Concerten.

  • The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

    Am Metal Meltdown gëtt haut en Tour de Table ronderëm de Metal Battle gemaach an am Interview stellen The Majestic Unicorns From Hell hiren neien Album vir.

  • Exposer, Borknagar & Machine Head

    An der Emissioun Metal Meltdown stellt den David Wagner haut eng nei lëtzebuerger Band vir an et ginn Tickeën ze gewannen fir den ausverkaafte Concert mat Machine Head de 17. Februar am Atelier.

  • Lemmy, Motörhead & Aborted

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, Réckbléck op dem Lemmy säi Begriefnis, d'Metal Release vun der Woch an den Agenda mat den nächste Concerten.

  • Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, de Metal Battle vum 19. März, d'DVD "Do You Even Metal?", déi et ze gewanne gëtt an den Agenda mat den nächste Concerten.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen