Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Nailed To Obscurity

Release vun der Woch: Nailed To Obscurity - Black Frost (9,5/10)

D'nächst Woch bréngt déi däitsch atmosphäresch Progressive Metal Band Nailed To Obscurity hire 4. Album Black Frost eraus. Verëffentlecht gëtt den Album vu kengem Geréngeren, wéi vum beléiften a bekannten däitsche Label Nuclear Blast. Zwar gouf d'Band well ënner Vertrag geholl, iert Nuclear Blast den neien Album héieren huet, mä et ass trotzdem wuelverdéngt, dass dësen Album hei verëffentlecht gëtt.

OP Black Frost weise sech déi 5 Borschten nämlech progressiv a kuerzweileg, wéi nach ni virdrun an hunn eng Atmosphär opgebaut, déi sengesgläiche sicht. Alleng de Fakt, dass d'Musek op Black Frost nach méi doomeg an nach e Krack méi lues, dofir awer ëmsou méi intensiv ass, dréit vill dozou bäi.

D'Songs sinn iwwerdeems méi strukturéiert, méi duerchduecht an et huet een zu kengem Moment d'Gefill, dass einfach nëmme Riffer unenee gepescht goufen, mä dass d'Band bei all Riff, bei all Hook a bei all Iwwergang genee iwwerluecht huet, wéi eng Wierkung dat ganzt soll hunn an esou déi richteg Akzenter op de richtege Plaze sëtzt.

Ervirhiewe kann een och, dass sech d'Band och op egem techneschen Aspekt weiderentwéckelt huet, ënnert anerem och de Sänger Raimund, deen op Black Frost nach vill méi Dynamik a seng Stëmm bruecht huet, wéi nach op King Delusion.

Als Fazit kann ee soen, dass Black Frost een atmosphäresche progressive Melodeath Album, deen absolut näischt ze wënschen iwwreg léisst an a Punkto Dynamik kaum nach ze iwwertreffen ass.

Playlist

Iced Earth - Desert Rain

Any Given Day - Loveless

Soilwork - Stålfågel

Candlemass - The Omega Circle

Ghost Ship Octavius - Edge Of Time

Nailed To Obscurity - Aberrant Host

Children Of Bodom - Under Grass And Clover

Hammerfall - Dreamland

Whitechapel - Black Bear

Shadowhispers - Slow Death

Rezent Emissiounen

  • Paradise Lost & The Haunted

    Den Aaron vu Paradise Lost erkläert am Interview, wat ee vum neien Album "Medusa" erwaarde kann; am Review ass den neien The Haunted Album

  • Return to the Roots & Dawn of Disease

    Interview mam Igor Cavalera iwwert déi aktuell "Return to the Roots"-Tour a Review vum neien Dawn of Disease Album "Ascension Gate".

  • Accept

    Rise of Chaos: esou heescht den neien Album vun der däitscher Band Accept. Release-Datum: haut! (4.8.17)

  • Blind Guardian

  • Execration

    E Fall fir Frënn vu psychedeleschem Prog

  • Nationales & Earthgrave

    Op Nationalfeierdag stinn d'Lëtzebuerger Bands am Mëttelpunkt. Am Review ass den Debutalbum vun Earthgrave.

  • Nei Musek an al Klassiker

    Nieft neier Musek och nei Versioune vun ale Klassiker

  • Metal Meltdown

    Neies aus der Metalzeen mam David Wagner hannert dem Mikro

  • Earthgrave

    D'Band Earthgrave an hiren éischten Album

  • Wacken rifft!

    D'"Mamm vun alle Festivalen" steet am Mëttelpunkt vun eisem Metal-Rendezvous

  • Wat huet d'Scoutskiermes zu Esch mat Metal um Hutt?

    Net vill, géif ee mengen. Ma dëst Joer schonn.

  • Dimmu Borgir & Nargaroth

    ... mat zwee nei Black Metal Albumen

  • Dead Sinners & Obituary

    Déi nächst Woch brénge Porn Queen hir nei EP eraus. Oder besser gesot, déi Band déi fréier emol Porn Queen geheescht, an hiren Numm elo geännert huet.

  • Mam Debutalbum beim Kultlabel Nuclear Blast

  • My Own Ghost & Firespawn

    Dës Woch gëtt et een Interview mat My Own Ghost, eng bësse méi poppeg Rock Band. Ënnert anerem ware si viru kuerzem mam Tarja op Tour.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen