Soundtracks & Classics

Martine Reuter Manuel Ribeiro

Kompositioune fir de Kino an de klassesche Repertoire - Wat ënnerscheet Filmmusek vun de klassesche Wierker? Ginn et Iwwerschneidungen? Oder lafe se parallel nieftenaner? Wat sinn déi musikalesch Eegeschafte vun deene spezifesche Genren?

De Minimalist Philip Glass

Verschiddene Komponiste gi mat hirer Aarbecht mat der klassescher Musek associéiert, bei aneren denkt een direkt u Filmmusek. An da ginn et där, déi maache béides. An der neier Emissioun "Soundtracks & Classics" presentéieren d'Martine Reuter an de Manuel Ribeiro haut de Minimalist Philip Glass, dee béiden Erausfuerderunge gewuess ass. 

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen