Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Zesummenaarbecht an der Groussregioun

D'Saarland iwwerhëlt Enn Januar vu Lëtzebuerg d'Presidence vun der Groussregioun: an dësem europäesche Kooperatiounsraum, zu deem de Grand-Duché a seng Nopeschregiounen gehéieren, liewe knapp 12 Millioune Mënschen.

Seng Recommandatiounen un d'Politik huet de groussregionale Wirtschafts- a Sozialcomité gëschter presentéiert: dat am Virfeld vum nächste Sommet vun der Groussregioun, deen haut an dräi Woche soll sinn. De President vun dësem berodende Gremium Jean-Claude Reding huet gefuerdert, datt d'Ënnerscheeder an der Groussregioun net weider dierfte méi grouss ginn. Detailer vum Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen