Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur


Hollännesch Kannerbibliothéik
Zanter 40 Joer existéiert zu Lëtzebuerg déi hollännesch Kanner- a Jugendbibliothéik. D'Valerija Berdi war an de Pafendall luussen an huet mat den zwou Responsabelen, der Ati Van Dijk a Kirsten Zahlen geschwat.
Rezent Emissiounen
-
Die Welt steht Kopf
Dat ass den Titel vun enger Ausstellung am Stadtmuseum Simeonstift zu Tréier iwwert d'Kulturgeschicht vum Karneval, déi bis Äschermëttwoch 2020 dauert.
-
"Das Glück der kalten Jahre" - Eng polnesch Fraesaga
E Roman iwwer véier staark Fraen, wäit ewech vu Business, Frick a Shopping. En Interview mat der Autorin Martyna Bunda.
-
Nei Filmer
Mat Vollgas iwwer de Circuit vu Le Mans, d'Erreur judiciaire Alfred Dreyfus an Techno-Beats aus Schottland.
-
Filmkritik: Adults in the Room
Eleng géint Bëtonskäpp: De Costa-Gavras verfilmt dem fréiere griichesche Finanzminister Varoufakis säi Bericht iwwer deem seng "Verhandlunge" mam Eurogrupp.
-
Agnès Jaoui
D'Regisseurin a Schauspillerin war dëst Joer d'Jury-Presidentin vun der 42. Editioun vum italienesche Filmfestival vu Villerupt.
-
D'Révélatioun um Hierschtsalon vum CAL: de Pit Molling
Fir seng zwou Molereien "Unrealism" a seng Skulptur aus Bioplastik "Cloud" ass de Pit Molling vum CAL mam Prix Révélation ausgezeechent ginn.
-
Neie Schoularchiv zu Tréier op der Uni
Wëssenschaftler vun der Uni Tréier baue mat Donen en Archiv fir al Schoulbicher op, fir déi lescht 200 Joer Schoulgeschicht ze erfuerschen.
-
Den éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht
Eng ganz Rei Bicher sinn an deene läschte Joeren iwwert den éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg publizéiert ginn - dorënner och lokalgeschichtlech Etüden
-
36. Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes
De Val Kravos gewënnt an der Kategorie Piano de Präis radio 100,7 a kann elo eng professionell Demo-Opnam an eisem Studio maachen.
-
Filmkritik: La belle époque vum Nicolas Bedos
D'Truman Show trëfft op Westworld trëfft op Midnight in Paris.
-
30 Joer Mauerfall
E Gespréich mam Journalist an Auteur Olivier Guez, opgeholl de 24. Oktober am Institut Pierre Werner, kuerz IPW.
-
D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach
Nach méi grouss, nach méi Exposanten, méi Kader- a Kulturprogramm: esou annoncéiert sech déi fënneft Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen.
-
CAL-Auszeechnung fir de Franz Ruf
Mat senge Molereien, senge Gravurë wëllt de Franz Ruf Vitess aus dem Alldag eraushuelen, net ze vill zielen, an e wéineg mysteriéis bleiwen.
-
Walfer Bicherdeeg
Fir déi 25. Editioun invitéiert d'Gemeng Walfer de 16. an de 17. November op Walfer a proposéiert e vilfältege Programm. Ënner anerem ass nees e bekannten Auteur invitéiert.
-
Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)" op der Art Week
Den Daniel Wagener huet an de Victor Hugo Halen eng Foto-Konschtinstallatioun opgeriicht, déi vum Public och als Atelier genotzt ka ginn.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen