Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Virun 90 Joer gouf déi éischt "Aventure de Tintin et Milou" publizéiert (Foto: picturealliance/United Archives/IFTN) (Montage: radio 100,7)

Tintin, dee bekanntste belsche Reporter

Den Tintin ass wuel deen eenzege Reporter mat enger weltwäiter Renommee, deen nach ni en Artikel geschriwwen huet an awer bekannt wéi e roude Fuuss gouf. Den 10. Januar 1929, haut virun 90 Joer, haten den Tintin a säi Mupp Milou hiren éischten Optrëtt an der Kannerbäilag Le petit Vingtième vun der ultra-kathoulescher Bréisseler Wochenillustréiert Le vingtième Siècle. Deemools huet den Tintin sech mam Titel "Tintin au pays des Soviets" op de Wee an déi fréier Sowjetunioun gemaach. Mee och nach hautdesdaags gehéiert den Tintin zu de berühmtste Comic-Figuren, an den Tintin huet seng fest Plaz an eiser moderner Kultur. Explikatioune Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

  • Eng Léift ouni Zukunft

    D'Geschicht, déi de Kark Heinz Jakobs a sengem bekanntste Roman "Beschreibung eines Sommers" erzielt. Den DDR-Auteur hätt 90 Joer kritt.
     

  • Virschau op de B-Radio: Manga

    Ouschterméindeg ass et nees esouwäit: de B-Radio, déi aner Kulturemissioun, daucht dës Kéier an déi konterbont Welt vun der Mangakultur zu Lëtzebuerg an.  

  • Presse(on)fräiheet a Serbien

    Serbie krut eng schlecht Nott vun de Reporter ouni Grenzen. Pressefräiheet ass net garantéiert a JournalistInnen net viru Gewalt geschützt.

  • Maache Pathologien den Droit pénal krank?

    D'Grenz tëschent Gesetz a Pathologie muss ëmmer nei gezu ginn. De Stefan Braum, Kriminolog op der Uni Lëtzebuerg, hëlt d'Erausfuerderung un.

  • Et wor emol e grousse (risege?) Rechemeeschter

    Fir de Rechemeeschter Adam Ries(e) hat Gott alles no Gréisst, Gewiicht an Zuel klasséiert. Also huet hien edukativ Rechebicher erausbruecht.

  • Filmkritik: "El Reino"

    Mat enger Mëschung aus Thriller a Satir denoncéiert de Realisateur Rodrigo Sorogoyen d'Korruptioun an der spuenescher Politik - a fuerdert zum Nodenken op.

  • "Follow the money" an investigative Journalismus

    Miranda Patrucić bilt weltwäit JournalisitInnen aus fir Korruptioun opzedecken an ouni Angscht investigativ ze schaffen.

  • Nei Filmer

    Déi nei Kinoswoch steet dës Kéier ganz am Zeeche vun däitsche Produktiounen a spueneschen Aflëss.

  • De Komponist vum Happy Sound

    Den James Last ass de Kreateur vun engem Museksstil, mat deem hie Generatioune vu Mënsche begeeschtert huet. Hien wär haut (17.4.) 90 Joer al ginn.

  • "Isola nostra": en Documentaire vun der Mariette Schiltz

    Wéi kann een eng kënschtle(re)sch Insel schützen? D'Mariette Schiltz huet en Documentaire gedréit, fir hirem Kampf Gewiicht ze ginn.

  • Eng Meloun, e delabréierte Kostüm an e Reesbengelchen

    De Charlie Chaplin war e geniale Komiker a wuel dee populäerste Vertrieder vun der Stommfilm-Epoch. Hien gouf virun 130 Joer gebuer.

  • Filmkritik: Missing Link vum Chris Butler

    Wann de Bigfoot an e viktorianeschen Indiana Jones op d'Sich nom Yeti ginn.

  • Cumbia All Stars

    Siwen eeler peruanesch Museker hunn eng gemeinsam Passioun: d'Cumbia - e Genre, deen a Südamerika ganz populär ass.

  • Filmkritik: Birds of Passage

    De kolumbianesche Thriller vun der Koppel Cristina Gallego a Ciro Guerra kombinéiert de klassesche Gangster-Epos mat engem Portrait vun der Wayuu-Ethnie.

  • De Sidney Poitier an d'Oscarnuecht vun 1964

    De Sidney Poitier war als alleréischten Afroamerikaner am Abrëll 1964 mat engem Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll ausgezeechent ginn.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen