Hanner de Kulissen

Fir datt Schauspiller op der Bühn brilléieren, ass en Zesummespill vun enger Equipe vu Spezialisten hanner der Bühn noutwendeg. Professioneller, deenen hir Aarbecht fir de Succès vun enger Theaterproduktioun op d'mannst genee esou wichteg ass, wéi déi vun engem Schauspiller, ginn hei beliicht.

RegieassistentIn

Als RegieassistentIn huet ee vill Responsabilitéit an ass och dacks engem groussen Drock ausgesat. De Proufplang fir eng Theaterproduktioun opstellen, kënnt enger Sysiphos-Aarbecht gläich, an et ass eng grouss Léift zum Detail gefrot, fir e Regiebuch ze féieren. D'Daliah Kentges an d'Sally Merres erzielen iwwer hir Aarbecht als Regieassistentinnen an hir Faszinatioun fir dëse Beruff.

Rezent Emissiounen

  • Kostümbildner a Schneider

    Éier e Kostümbildner oder e Schneider konkret mat schneiden oder bitzen ufänkt, gëtt fir d'éischt emol fläisseg gezeechent.

  • Tountechniker

    An Zäite vun der Digitaliséierung ass den Tountechniker ëmmer méi drop ugewisen, mat exigenten, informateschen Techniken kënnen ëmzegoen.

  • Luuchtendesigner

    Wann am Theater déi Luuchte géife benotzt ginn, déi ee vun doheem esou kennt, da géifen d'Schauspiller op der Bühn nawell zimlech blatzeg aus der Wäsch kucken.

  • BühnenbildnerIn

    Eng Aarbechtsmaquette an en detailléierte Plang sinn Aarbechtsschrëtt, déi virun der Konstruktioun vun engem Bühnebild net feelen dierfen.

  • TheaterpädagogIn

    Wann de Kader stëmmt, bitt d'Theaterpädagogik eng Hëllefstellung, fir nei Usiichten ze gewannen an iwwer sech erauszewuessen.

  • TheaterschrëftstellerIn

    Inspiratioun kann ee bekanntlech net vun de Beem plécken. Wéi kënnt en Theaterauteur dann awer Dag fir Dag mat senger Aarbecht weider?

  • DramaturgIn

    D'Dramaturgie ass eng Aarbecht, bei där de Spagat tëschent Literaturwëssenschaft an Theaterkonscht gemeeschtert wëllt ginn.

  • RegieassistentIn

    Am beschte Fall ass een net nëmmen dem Regisseur seng riets Hand, mee um ganze kënschtleresche Prozess bedeelegt, seet d'Daliah Kentges.

  • RegisseurIn

    Wann een als Regisseur näischt ze soen hätt, da sollt een de Mond halen an och näischt inzenéieren, seet de Frank Hoffmann. 

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen