Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Blood Sweat & Tears - BS&T

Fir déi amerikanesch Formatioun ass et nom Debut-Album "Child is Father to the Man" den erhofften a weltwäiten Erfolleg. Den éischten Album war verkaafsméisseg hanner den Erwaardunge bliwwen (ouni schlecht ze sinn!), dofir koum et zu enger Nei-Besetzung, wat d'Museker ugeet.

Bliwwen ass d'Fusioun vu verschiddene Museksstiler, virop der Mëschung Rock + Jazz. Mat knackege Bléiser-Arrangementer a virun allem mat der markanter Stëmm vum neie Sänger, dem Kanadier David Clayton-Thomas, kënnt dësen zweeten Album, dee just de Bandnumm dréit, beschtens bei de Fans an der Musekpress un.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Dire Straits: Love Over Gold (1982)

    Dee 4. Studioalbum vun der Band

  • Allman Brothers Band

    Den Debutalbum vun der ABB, deen 1969 d'Zäit vum Southern rock agelaut huet.

  • Bob Dylan - Blonde On Blonde

    Den elektresche 66er Poet a Geschichtenerzieler Bob Dylan mam éischten Duebelalbum an der Rock- a Popgeschicht vun engem Major artist.

  • Ella and Louis

    Wann een d'Nimm Ella Fitzgerald oder Louis Armstrong eenzel héiert, kann ee sech schonn op gutt Musek freeën. An dësem Fall sinn déi zwee zesummen ze héieren.
     

  • Tropicália, ou panis et circensis

    De brasilianesche Kultalbum - de Manifest vum Tropicália Mouvement Enn de 60er

  • The Jayhawks - Hollywood Town Hall

    Den Duo Mark Olson/Gary Louris dréit 1992 mat dësem Album zum Succès vum Genre alternative Country bäi.

  • Goathead Soup - The Rolling Stones

    Den 73er Stones-Album vun Jagger a Co. huet méi ze bidden, wéi de Mega-Hit "Angie" ... an hannert de Kulissen huet et geflaamt.

  • The Atomic Mr. Basie

    Eng Bigband an Topform: déi vum Count Basie am Joer 1958, veréiwegt um Kultalbum "The Atomic Mr. Basie".

  • David Bowie - Let's Dance

    Den 83er Album produzéiert vum Nile Rodgers ass dem Englänner säi meeschtverkaaftent Wierk.

  • Joni Mitchell - Ladies of The Canyon

    Den 1970er Album vun der Kanadierin mat Woodstock-Feeling ...

  • Tea For The Tillerman - Cat Stevens

    Den Album aus dem November 1970 ass den Duerchbroch fir den englesche Singer/Songwriter, deen haut den Numm Yussuf Islam dréit.

  • Stan Getz/Joao Gilberto

    E Bossamuseker mat engem Jazzsaxophonist: den Joao Gilberto an de Stan Getz hunn 1964 e Kultalbum vum Genre erausbruecht.

  • Donald Fagen - The Nightfly

    Den éischte Solo-Album vum kreative Kapp vum Duo Steely Dan aus dem Oktober 1982

  • The Doors - L. A. Woman

    De leschte Studioalbum vun Jim Morrison & Co aus dem Joer 1971, mat ë. a.dem Kulthit "Riders On The Storm".

  • Charles Bradley Hommage

    E Bléck op dem "Screaming Eagle of Soul" säi leschten Album an en exklusive Concertsausschnëtt

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen