Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.
ZäithistorikerIn

Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg
D'Zäit nom Éischte Weltkrich ass eng Epoch vu Revolutiounen a Biergerkricher. Eleng an de Joren tëschent der Februar-Revolutioun vun 1917 a Russland an dem Joer 1920 koum et an Europa zu net manner wéi 27 méi oder manner gewaltsame Muechtwiessel. Och zu Lëtzebuerg sollt 1919 en turbulent Joer ginn: Virun 100 Joer, direkt um Joresufank, den 9. Januar 1919, huet eng republikanesch-revolutionär Volleksbeweegung d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff. D'Chronik vun den zwee Deeg vum Zäithistoriker Jacques Maas.
Rezent Emissiounen
-
Den Éischte Radiokrich
Den Zweete Weltkrich war deen éischte grousse Konflikt, an deem de Radio eng kruzial Roll gespillt huet.
-
Eng duebel Legend feiert 100 Joer
Historiker hunn eng Tendenz, net nëmmen d'Geschicht vun haut aus, mee dobäi nach aus der Siicht vum Gewënner ze schreiwen.
-
Opportunisten: klischeehafte Begrëff fir d'Kollaborateuren
D'Wourecht ass, datt vill vun hinne Fanatiker waren, déi bis zum batteren Enn vum Zweete Weltkrich gekämpft hunn.
-
De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919
D'franséisch Militärinterventioun géint déi republikanesch Beweegung zu Lëtzebuerg, am Januar 1919 - e geschichtleche Paradox?
-
Happy Birthday H29
Viru genau 90 Joer gouf ze Lëtzebuerg eng decisiv, historesch Entscheedung getraff : am Juli 1929 huet d'Chamber d'Holding-Gesetz gestëmmt.
-
Wien huet geputscht 1918-1919?
Sou wéi a Frankräich ronderëm eng "légende républicaine" gëtt zu Lëtzebuerg de "roman national" zanter 100 Joer ronderëm eng monarchistesch Legend gestréckt.
-
Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet ufanks 1919 eng turbulent Zäit erlieft: Den 9. Januar 1919 gouf heiheem d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff.
-
Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden
D'Nokrichsepuratioun huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Fréier Kollaborateuren hunn dono nach jorelaang eng Minoritéit vun ofgegrenzten Apatridë gebilt.
-
D'Enn vum Enn vun der Geschicht
D'Enn vum historeschen Zyklus, deen nom Fall vun der Berliner Mauer ugefaangen hat, depriméiert d'westlech Welt.
-
Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich
E Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft de 14. Dezember 1918, deemno virun exakt honnert Joer.
-
Dat belscht Beispill
Am Géigesaz zu Lëtzebuerg huet d'Belsch seng Gesetzgebung iwwer d'Entschiedegung vun Affer vum Zweete Weltkrich grondleeënd reforméiert.
-
50 Joer Mouvement Ecologique
D'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen
-
Wollef am Schofsstall
Grad déi Leit déi während dem Krich eng wichteg Roll an den Spoliatiounen gespillt hunn, hu sech no der Befreiung ëm d'Entschiedegung gekëmmert.
-
A propos ...
De Service Information et Presse vun der Regierung diffuséiert eng Geschicht vu Lëtzebuerg, déi d'Erkenntnisser aus der historescher Fuerschung einfach ignoréiert.
-
Honger
Den Honger, dee wärend dem Éischte Weltkrich d'Gesellschaft gepéngegt huet, war d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun.
Programm
-
Metal Meltdown - Whitechapel
-
On air
Notturno
-
Musica Sacra - Sakralmusek vum W.A. Mozart
-
Noriichten
-
Early Bird
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
radio 100,7 revue par ses pairs
A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen