25 Joer radio 100,7 - 25 Joer Lëtzebuerg

De Marc Olinger huet d'Lëtzebuerger Theaterzeen wéi kaum en anere markéiert. (Foto: Christoph Olinger)

E Pionéier aus dem Lëtzebuerger Theater

De Marc Olinger huet den Theater zu Lëtzebuerg wéi kaum en anere markéiert. An dat net nëmmen duerch seng artistesch Kompetenzen, mee och am administrativen Theaterberäich a senger Funktioun als Direkter vum Kapuzinertheater. 25 Joer laang stoung de Marc Olinger un der Spëtz vum Kapuziner, eng Guiness Buch-räif Leeschtung. 2010 ass de Marc Olinger an d'Pensioun gaangen. Leider vill ze fréi, ass hien den 8. Januar 2015, grad emol zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag, zu Lyon gestuerwen. Mam Marc Olinger ass de radio 100,7 a senge 25 Joer och e laange Wee zesumme gaangen. De Jean Claude Majerus erënnert.

Rezent Emissiounen

  • E Pionéier aus dem Lëtzebuerger Theater

    De Marc Olinger huet den Theater zu Lëtzebuerg wéi kaum en anere markéiert. 2015 ass hie vill ze fréi gestuerwen.

  • 25 Joer radio 100,7

  • Stater Theateren

    E grousse Verdéngscht an der Entwécklung vum Stater Theater hat den Direkter Frank Feitler. Pensioun koum 2015 an d'Sucessioun assuréiert den Tom Leick.

  • 25 Joer Lëtzebuerger Literatur

    Wat waren déi grouss Nimm an der Literatur an de leschte 25 Joer ze Lëtzebuerg? An dësem éischten Deel erënnere mir un déi, déi net méi hei sinn.

  • D'Zuch-Accidenter vu Zoufftgen a Beetebuerg

    Beetebuerg (2017) a besonnesch Zoufftgen (2006): zwou däischter Stonnen an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Eisebunn. E Réckbléck.

  • D'Kulturjoren 1995 an 2007

    Zu Lëtzebuerg goufen bis haut 2 Kulturjoren organiséiert: Lëtzebuerg, europäesch Kulturhaapstad 1995 an Lëtzebuerg a Groussregioun 2007.

  • 25 Joer Enseignement musical

    Wat ass Alles an deene leschte 25 Joer am Museksenseignement landeswäit geschitt?

  • Dirigente kommen a ginn

    Iwwer d'Wiessel um Chefposten bei de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg

  • Luxair-Fligeraccident 2002

    Haut viru 16 Joer gouf et déi schwéierst Katastroph an der Lëtzebuerger Loftfaart. Eng Luxair-Fokker 50 war de 6. November 2002 zu Nidderaanwen erofgefall.

  • D'Finanzplaz

    D'Lëtzebuerger Finanzplaz huet Krisen an Ännerungen erlieft a gouf gezwongen, sech ëmmer nees ze adaptéieren. E Réckbléck op déi wichtegst Evenementer.

  • Den TNL, d'Ruhrfestspiller Recklinghausen an de Frank Hoffmann

    De Frank Hoffmann huet an de 25 Joer Radio 100,7 wéi kaum en aneren den Theater zu Lëtzebuerg mä och iwwert d'Grenzen eraus markéiert.

  • 25 Joer Educatioun

    Grouss Reformen a grouss Protester aus dem leschte véierels Joerhonnert.

  • 25 Joer Lëtzebuerger Literaturbetrib

    Villes ass entstanen, sou munneches ënnergaangen, d'Literatur schéngt awer dat éiwegt Stéifkand ze bleiwen...

  • Den Euro

    Lëtzebuerg gehéiert zu deenen éischte Länner, déi den Euro den 1. Januar 1999 virtuell agefouert hunn. E Réckbléck op déi wichtegst Evenementer.

  • Monarchie: en Trounwiessel a Familljegeschicht(en)

    E Réckbléck op déi wichtegst Evenementer, déi d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie am Laf vum leschte Véierelsjoerhonnert markéiert hunn.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen