Invité am Moies-Magazin

De Lex Roth huet den Tintin an den Asterix op Lëtzebuergesch iwwersat. (Foto: Lex Roth)

Lex Roth

Gëschter hate mir op dëser Plaz am Moiesmagasin scho rieds iwwer den Tintin. Gëschter waren et nämlech op den Dag 90 Joer hier, datt déi éischt Aventurë vum Tintin a sengem Mupp Milou "Tintin au pays des soviets" an der Bréisseler Wochenillustréiert Le vingtième siècle publizéiert gouf. 24 Tintin-Episoden huet den Hergé, de Papp vum Tintin bis zu sengem Doud 1983 erausbruecht. An tëschent 1987 an 1994 huet de Lëtzebuerger Auteur a Sproochemann Lex Roth siwen Tintin-Aventuren op Lëtzebuergesch iwwersat. De Jean Claude Majerus huet sech mam Lex Roth iwwer déi Iwwersetzungen an nach vill aneres ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • De Realisateur Jacques Molitor a Halloween

    Iwwer Kazen, Horrorfilmer an d'Cinélunatique Double Feature Night an der Cinémathéik

  • De Robert L Philippart an d'"Histoire urbaine"

    D'Asbl "Histoire urbaine" bréngt de Leit Stied am Wandel méi no. Den 12. November zum Beispill mat enger Visite iwwert den Nikloskierfecht. 

  • Raymond Weber vum Institut international de la marionnette

    Marionnettentheater présentéiert Weltliteratur: De Raymond Weber ass President vum Institut international de la marionnette

  • Christine Pegel

    D'Directrice vun ANEFORE iwwer den Opruff fir Kandidaturen am Kader vun Erasmus+ anzereechen

  • Der Anja Röhl hier Vue op d'Ulrike Meinhof

    Mat fënnef Joer léiert d'Anja Röhl déi nei Frëndin a spéider Fra vun hirem Papp Klaus Rainer Röhl kennen : d'RAF-Grënnerin Ulrike Meinhof.

  • Suzanne Cotter op Virbereedungsgespréicher am Mudam.

    Den Invité vum Dag as d'Suzanne Cotter, frësch nominéiert Direktesch vum Mudam, déi hier Funktiounen am Ufank vum nächste Joer iwwerhëlt.

  • Ariane Toepfer an Irène Schmitt

    Méi Zäit fir d'Famill. E Plus fir jiddereen!

  • D'Astrid Lorz-Zitzmann

    Museks- an Psychotherapeutin schwätzt iwwert déi verschidden Aspekter vun der Musekstherapie.

  • Beryl Bruck

    D'Coordinatrice vun den Evenementer zu Lëtzebuerg vun der Année européenne du patrimoine culturel 2018 mat Detailer.

  • Maxi Pesch a Michel Delage

    D'Maxi Pesch an de Michel Delage hu fir den 100,7 d'Competitioun vum CinEast 2017 suivéiert. Um Dag vun der Präisiwwerreeschung ass et Zäit fir e Bilan.

  • Goran Kapetanovic

    Dem Regisseur ass mat senger Produktioun "My Aunt in Sarajevo" en impressionnante Film iwwer d'Relatioun vu Refugiéen zum Land an deem si opgewuess sinn, gelongen.

  • Thomas Lüchinger

    "Being There - Da sein" heescht de Film vum schwäizer Regisseur, deen de Mëttwoch am Utopia gewise gëtt.

  • Stephan Komandarev an Edon Rizvanolli

    De CinEast bitt net nëmmen eng intressant Programmatioun, mä och déi Leit, déi ee soss net um Ecran gesäit. Gespréicher mat Realisateuren.

  • Anne Hoffmann, Gaby Sonnabend an d'Leit an der Stad

    D'Expo "Leit an der Stad" erzielt d'Geschicht vun der Evolutioun vum Stroosseliewe vun der Stad Lëtzebuerg vun 1950 bis 2017 an 200 Fotoen.

  • Jean Paul Maes

    Den Acteur, Auteur a Regisseur ass haut Invité am Moies-Magazin. E Mëttwoch (18.10.) lancéiert de Kaleidoskop-Theater d'Theaterstéck "Singapur".

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen