Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Fir dem Tintin säi 90. Gebuertsdag gëtt di nogefierften Originalversioun vun "Tintin au Congo" digital nei erausbruecht (© Moulinsart)

Bréissel feiert dem Tintin seng 90

Gëschter virun 90 Joer, den 10. Januar 1929, haten den Tintin a säi Mupp Milou hiren éischten Optrëtt an der Kannerbäilag Le petit Vingtième vun der ultra-kathoulescher Bréisseler Zeitung Le vingtième Siècle. 250 Milliounen Albumme méi spéit gehéiert den Tintin och nach hautdesdags zu de berühmtste Figuren aus der Bande Dessinée, an hien huet seng fest Plaz an eiser moderner Kultur. De Georges Kohnen presentéiert de Festprogramm vum Tintin sengem Gebuertsdag.

 

Rezent Emissiounen

  • Den Dram, en Doheem ze sinn

    Eist Gehir an eist Doheem sinn 2 Banneraim, déi 6 international Artiste fir d'Casino-Expo "I dreamed I was a house" matenee konfrontéiert hunn.

  • Lëtzebuerg(er)liewen um Beispill vun der Sprangprozessioun

    Lëtzebuerg(er)liewen. D'Woch vum 11. bis de 14. Juni 2019 ass di éischt "Semaine du patrimoine culturel dans les écoles"

  • Frederick, eng philosophesch Maus

    Am Centre des Arts pluriels war gëschter Première vum Kannertheaterstéck "Frederick" op Basis vum Grafiker Leo Lionni senger Billergeschicht.

  • Nei Filmer

    Um Öko-Bauerenhaff oder op der Sich no der Proprietärin vun enger Posch

  • D'Anne Frank huet hire Courage bis un d'Enn net verluer!

    De Numm Anne Frank dierften déi meescht vun eis wuel kennen, en Numm dee zu engem Symbol vum Iwwerliewenswëllen vum eenzelen Mënsch gouf.

  • D'Etel Adnan: eng Fra vun all Zäit

    D'Etel Adnan ass politesch an hirer Literatur a poetesch an hirer Molerei. Awer bei béide geet et ëm de Kampf tëscht Däischtert a Liicht.

  • Filmkritik: Ayka vum Sergei Dvortsevoy

    Alt nees e Competitiounsfilm vu Cannes, dee mat engem Joer Retard de Wee op de lëtzebuerger Kinosecran fënnt.

  • Déi bekannteste Int vun der Welt

    De 9 Juni 1934 konnt een den Donald Duck fir d'éischt an " The Wise Little Hen" gesinn, dat war Gebuertsstonn vun der rosener a cholerescher Int.

  • De Weltkrich 1914-1918: Déi vergiesse Liberatioun

    "Dougboys zu Lëtzebuerg" heescht déi aktuell Ausstellung am Militärmusée zu Dikrech. Se thematiséiert d'Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch amerikanesch Zaldoten 1918.

  • "TheOpenEnd Creativity Festival" an de Rotonden

    "The Open End Festival" an de Rotonden ass net d'Enn, mee den Ufank fir en Echange zu de Sujeten visuell Konscht, Grafik an Design.

  • Festival Perspectives Saarbrécken

    "Theater, Danz, Musek an Zirkus" dofir steet ewell schonn zanter 1978 de Festival "Perspectives" an dat och dëst Joer net anescht.

  • Endspurt fir "Drama & tenderness" am MNHA

    D'Konfrontatioun vu Barockkonscht vu Meeschter wéi Rubens, Van Dyck a Ribera a Zurbaran suergt am Nationalmusée fir "Drama and tenderness".

  • "Etel Adnan et les modernes" am Mudam

    D'Auteurin a Molerin Etel Adnan ass net just eng Fra vun hirer Zäit, mee eng Fra vun all Zäit. Dat gëtt op hirer Monographie am Mudam kloer.

  • Rockfestivaler sinn eng Männerdomaine?

    75 Bands trieden um "Rock am Ring" a "Rock im Park" op, dat ronn 250 Muesker, an ënnert deenen fënnt een emol keng 10 Fraen.

  • Youssou N'Dour - History

    De neien Album vum senegalesesche Museker bidd chartsorientéierten Afro-Pop mat Geschichten aus senger laanger Karriär

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Sequenza - Am Ëmkrees vu Schumann, Liszt a Wagner

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen