Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

LTL's Comic Con

Als Schoulprojet hu fënnef Schüler aus dem LTL zu Lalleng eng Comic-Con organiséiert. Et kann ee sech Mangaen a Comic-Bicher ukucken a kafen, mee et ass awer nach vill méi geplangt. De Pit Walté hat nogefrot.

Rezent Emissiounen

  • Tornado: de Méindeg dono

    Och nom Weekend stinn déi Betraffe vum Tornado zu Käerjeng a Péiteng nach ëmmer virun enger Partie Erausfuerderungen.

  • Serie: Clownen - Wou kënnt deen hier?

    E wäissgeschminktent Gesiicht, eng déck rout Nues an e faarwege Kostüm: Dat ass d'Bild vun engem klassesche Clown. Mee wou kënnt dat hier?

  • Een turbulente Weekend

    E Freideg den Owend géint hallwer 6 ass en Tornado haaptsächlech iwwer Péiteng a Käerjeng gezunn an huet grousse Schued hannerlooss. E Réckbléck.

  • Tornado: Keng Première

    Tornadoe wieren et der schonn ëmmer hei am Land ginn. Dat seet de Philippe Ernzer, Grënner vu Meteo Boulaide. Den Hobbymeteorolog erkläert de Phenomen

  • Service Volontaire vum SNJ

    E Service Volontaire kann eng Méiglechkeet sinn, sech no de Studie sozial ze engagéieren an erauszefannen, wat ee spéider wëllt schaffen.

  • Déi geplangte Reform vum Notariat

    Wou ass déi geplangte Reform vum Notariat drun? Dat froe mir d'Presidentin vun der Notariatskammer Martine Schaeffer.

  • Sollen (mussen) mir manner Fleesch iessen?

    Den héije Fleeschkonsum, virun allem an de westleche Länner, géif zur Klimaerwäermung bäidroen, seet de Weltklimarot IPCC. 

  • Serie: Karikaturen - "Si erziele Geschichten, genee wéi de Brel"

    Dem Jacques Brel seng Musek leeft am Hannergrond, während de Carlo Schmitz seng Karikaturen zeechent. Dem Chansonnier seng Musek inspiréiert hien.

  • Den Donald Trump besicht El Paso

    No zwou déidleche Masse-Schéissereie leschte Weekend huet den US-President Dayton an El Paso besicht. 30 Leit goufen an deene Stied an zwee Massaker erschoss.

  • "Sécherlech ee Warnzeechen"

    "Déi rezent Etüd iwwer de Waassermanktem confirméiert dat, wat mir och soen", sou den Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.

  • Serie: Karikaturen - Wéi geet et hir zu Lëtzebuerg?

    D'Karikatur soll d'Politik a Schach halen, seet de Lëtzebuerger Karikaturist Carlo Schmitz.

  • "Dat hei geet eigentlech jiddwereen eppes un"

    Unicef schléit Alarm: Zanter ufanks des Joers sinn an Zentralafrika eppes méi wéi 1.600 Mënschen un Ebola gestuerwen. 

  • De Smile For Future Sommet

    450 jonk Ëmweltaktivisten hu sech zu Lausanne getraff, fir zesummen eng Strategie géint de Klimawandel auszeschaffen.

  • Serie: Karikaturen - Si kënnen och geféierlech ginn

    "E Coup fir d'Fräiheet", nennt de Lëtzebuerger Karikaturist Carlo Schmitz d'Attentat 2015 op déi franséisch, satiresch Zeitung Charlie Hebdo.

  • Waffesammler wiere sech géint geplangten neit Gesetz

    De Besëtz vun historesche Waffe vill méi streng gereegelt an esou guer illegal gemaach ginn. Dat géif vill ze wäit goen, kritiséieren d'Waffesammler.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen