Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Anti-Terror-Übung an der Rockhal

Op Esch-Belval ass e Samschdeg den Eeschtfall getest ginn: simuléiert gouf eng terroristesch Attack, en Attentat, während engem Concert an der Rockhal. Et goung drëm ze kucken, wéi gutt d'Zesummenaarbecht tëschent der Police an dem CGDIS géif funktionéieren. An dat ënner Ëmstänn, déi méiglechst no un der Realitéit sollte sinn. D'Press konnt sech op der Plaz e Bild vum Asaz maachen. De Maurice Molitor war fir eis do.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen