Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Pickle Darling - Bigness

Fir den Album vun der zweeter Kalennerwoch vum Joer 2019 huet sech den Tom Dockal eppes Léiwes, Verspilltes erausgesicht. D'autant plus hat de Kënschtler hanner dem Projet "Pickle Darling" um Releasedag vu sengem Debut Gebuertsdag. Dofir nodréiglech alles Guddes an als Cadeau vun eiser Säit: Album vun der Woch um radio 100,7.

Rezent Emissiounen

  • Let's Get Nice With ... vun The Moonbears

    Gute Laune Pop aus dem englesche Conventry

  • Relaxer - Alt-J

    Eng Grupp aus England, déi an net all ze laanger Zäit, den 13. Juli, en Open Air Concert an der Abtei Neimënster spillt.

  • Capacity - Big Thief

    E wëlle, kierperlechen Album vun der Brooklyn Indie Rock Band geleet vun der enigmatescher Adrianne Lenker

  • No Shape - Perfume Genius

    De véierte Longplayer vum Mike Hadreas ass méi erwuesse wéi d'Virgänger. Trotz där oppulenter Orchestréierung ginn et intim Momenter.

  • Temples - Volcano

    E psychedelesche Vulkan vu véier dënne Bouwe mat gigantesche Coiffuren, déi mysteschen an héich ästhetesche Sound an der Kopp hunn. 

  • This Old Dog - Mac DeMarco

    Beim kanadesche Singer-Songwriter sengem drëtten Album steet och dës Kéier seng Gittar am Mëttelpunkt.

  • En Studio - Gianmaria Testa

    Mat enger 7-CD-Box erënnert Harmonia Mundi un den italienesche Chansonnier, dee virun engem Joer gestuerwen ass: Miniaturen aus dem Alldag.

  • Robyn Hitchcock - Robyn Hitchcock

    Den 21. Album vum Londoner Muséker ass eisen Album vun der Woch.

  • The Gold String - Devon Sproule

    Eng dreemeresch Zort Singer-Songwriter Jazz Americana

  • Slowmotionary - Ethan Gruska

    Visuell musikalesch Vignetten, déi vun engem wonnerbar gedämpfte Piano geleet ginn

  • Country Hustle: Jeb Loy Nichols

    Singer/Songwriting, deen an d'Musekskëscht vun de siwwenzeger Jore gräift.

  • Room 29 - Jarvis Cocker & Chilly Gonzales

    Den Jarvis Cocker an de Chilly Gonzales lueden an de bekanntesten Hotel vun Hollywood, Los Angeles.

  • Heartworms - The Shins (2017)

    "Heartworms" vun The Shins. Nostalgie aus der pre-2010 Ära, d'Zäit vun der Renaissance vum alternativen Indie Pop.

  • Semper Femina - Laura Marling

    "Fir ëmmer Fra" - Ee Neo-Folk Konzeptalbum, dee sech un Zeilen aus dem Virgile senger Énéide inspiréiert.

  • Xiu Xiu - Forget

    Art Pop aus Kalifornien, mam neien Album vun Xiu Xiu: "Forget".

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen