Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Blues-Form

Wéi et an der Jazzmusek üblech ass, gëtt dacks en Thema, eng Melodie gespillt, an dono iwwer déi selwecht Form ëmmer an ëmmer erëm improviséiert. Iwwer d'Joren hu sech esou divers Schemaen erausgeschielt. Ee vun deene Beléiftsten a meescht Gespillten ass bis haut de Blues: 12 Täkt, déi déi musikalesch Welt verännert hunn. Haut héiert Dir ganz faarweg Beispiller vu Kompositiounen, déi dëser Form noginn. Mat dobäi Count Basie, Duke Ellington, Oliver Nelson, Dave Holland an nach méi.

Rezent Emissiounen

  • Miles, Aldana, Dolphy

    De neien Album fir vum Melissa Aldana,de Klassiker "Birth of the Cool" eran an am "Zack vun der Plack" steet den Eric Dolphy am Mëttelpunkt.

  • Arthur Possing, Chick Corea a méi

    Deen immens aktive jonke Lëtzebuerger Jazzmuseker erzielt iwwer seng Aktualitéit. 

  • Extra Large: 1 Stonn Jazz an all séngen Zoustänn

    De Pit Dahm an de Pol Belardi deelen ab elo 1 Stonn Jazz-Insider-Wëssen, Retrouvaillen a Geheimtipps mat den Nolauschterer vum 100,7!

  • BadBadNotGood

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • EWI

    Ob Lyricon, EWI oder Aerophon: de Windcontroller ass déi modern Variant vum elektronesche Blosinstrument.

  • A few Picks from London

    London huet eng floréierend Jazzzeen, déi vill op de Groove baséiert ass.

  • In The Fishtank: Motorpsycho + Jaga Jazzist Horns

    Esou heescht eng interessant Session vu Konkurrent, engem NL-Distributor.

  • Tortoise

    Als en Original vu Chicago ass Tortoise e Monument vum Post-Rock, dat och vill Jazz-Influenzen huet.

  • The (Jazz) Crusaders - Those Southern Knights

    D'Crusaders sinn eng groovy Band ronderëm de Keyboarder Joe Sample, déi de Funk a Soul Sound vun den 1970er mat definéiert hunn.

  • Donny McCaslin Albums

    Den Donny McCaslin ass vill méi wéi just den Jazz-Saxofonist, deen um David Bowie sengem leschten Album matgespillt huet.

  • Sinatra/Basie live zu Las Vegas

    De Frank Sinatra huet 1996 zesumme mat der Count Basie Big Band zu Las Vegas gespillt an doraus e live Album gemaach.

  • Miles Davis

    Op "seven steps to heaven" huet de Miles Davis och mat senger Band, déi dee Moment an enger Transitiounsphas war, erëm "class" bewisen.

  • Makoto Ozone

    De japanesche Pianist Makoto Ozone gouf an den 1980er Joeren vum Vibraphons-Guru Gary Burton bekannt gemaach.

  • Pat Metheny - The Way Up

    Eng wonnerbar Suite aus der Fieder vum Pat Metheny vun 2005. Iwwer eng Stonn Musek, déi d'orchestraalt Denke vum verséierte Gittarist weist.

  • Cannonball and Coltrane

    Kuerz virun der legendärer Plack "Kind of Blue" hëlt dem Miles Davis seng Band ouni hire Leader en interessanten Album op.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen