Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Nina Tomàs an d'Logiques du flou

Op der leschter Triennale jeune création "Jet Lag - Out of sync" war dem Galerist a Luxembourg-Art-Week-Initiator Alex Reding d'Aarbecht vun enger Kënschtlerin speziell opgefall. Wéi si dunn eng Zäitchen drop um Hierschtsalon vum Cercle artistique mam Prix de révélation ausgezeechent gouf, huet hie sech confirméiert gefillt an elo stellt d'Nina Tomàs, Joergang 1989, eng éischte Kéier a senger Galerie Nosbaum-Reding aus. D'Kerstin Thalau war kucken.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen