Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Brexit: Kruziale Vott

D'britescht Parlament stëmmt haut iwwer de Brexit Akkord of. D'Premier Ministesch Theresa May huet an de leschten Deeg den Akkord weider vehement verdeedegt. An d'EU Kommissioun huet an engem Bréif probéiert, weider Versécherungen ze ginn, iwwer de sougenannten Backstop un der irescher-nordirescher Grenz - dee Punkt, also, deen am meeschten ëmstridden ass. Op dat duer geet fir d'Deputéiert zu London ze iwwerzeegen ass éischter onwahrscheinlech. An et gesäit weider esou aus, wéi wann den Akkord haut beim Vott wäert ofgeleent ginn. Wat duerno geschitt oder geschéie kéint - doriwwer diskutéiere mir mat eiser Londoner Korrespondentin Elodie Goulesque.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen