Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

Laurent Moyse

Spaltung an Intoleranz

An der weltwäiter Politik gëtt et zanter geraumer Zäit e Klimawiessel. D'Temperatur am politeschen Alldagsgeschäft geet stänneg an d'Luucht a kéint eis Demokratien a Gefor bréngen. Dat mengt op alle Fall de Laurent Moyse am Fräie Mikro.

Rezent Emissiounen

  • Wien gleewt nach un den europäeschen Demokratie-Modell?

    De Problem vum Hung a vum Ee begéint Politik – oder en anere Bléck op eis europäesch Wirklechkeet. Dozou e fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

  • Wéini gëtt et eis ze bont?

    Am fräie Mikro vun haut stellt d'Anne Heniqui d'Fro wéi vill Faarf eis Gesellschaft kann erdroen bis et hier ze bont gëtt. 

  • Plaidoyer fir méi Authentizitéit

    De Marco Thomé beschäftegt sech mat der „political correctness“ am Kontext vu rezenten Skandaler. An hien hält e Plädoyer fir méi Authentizitéit an Éierlechkeet an eiser Gesellschaft.

  • Nodenken amplaz ofrappen!

    D'lescht Woch hunn d'Amicale des hauts fourneaux an de Mouvement écologique un d'Wichtegkeet vun der Erhalung vun de Gebléis- an Dynamogebaier souwéi de Gas- a Wandleitungen um Belvaler Héichuewesite erënnert. Dozou e fräie Mikro vum Denis Scuto.

  • Stellvertriederkricher a Flüchtlingsnout

    Hannert der Flüchtlingsnout aus No-Ost, hannert der Emergenz vu kriminelle Gottesstaaten verstoppe sech Stellvertriederkricher vun de Groussen, mengt a sengem fräie Mikro de Journalist Romain Goerend.

  • Zoumaachen!

    Zu Lëtzebuerg an an Europa kréie Populisten, déi net vill ze bidden hunn ausser ophetzen géint Auslänner, ëmmer méi nogelauschtert. Danielle Igniti fäert, datt dat an eng ganz geféierlech Richtung geet.  

  • D'Fro nom "richtege Liewen"

    D'Flüchtlingen, déi an Europa kommen, konfrontéieren eis mat der Fro nom richtege Liewen. Doriwwer denkt de Jean-Luc Thill no. 

  • Stacheldrot an Tréinegas am Europa vun der Opklärung

    Wat geschitt mat Europa? Net nuren mat der EU, mä och mat der Wäertegemeinschaft, déi aus der Opklärung hier kënnt? E puer Iwwerleeunge vum Simone Beck.  

  • Verännerungen vun der Gesellschaft

    Verännerungen an der Gesellschaft - Verännerunge vun der Gesellschaft. En nodenkleche Commentaire iwwert d’Evolutioun vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg vum Nadine Ewerling. 

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen