Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Reaktioun vun Nordirin op de Brexit-Vott

De Vott gëschter am britesche Parlament iwwer d'Brexit-Ofkommes geheit net just fir politesch Observateuren, mee och fir Privatpersounen eng Partie Froen op. D'Anne-Catherine Dennemeyer ass Nordirin, huet awer och déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Ee Grond firwat si d'duebel Nationalitéit ugeholl huet, war wéinst dem Brexit. Zesumme mat hirem Mann, dee Lëtzebuerger ass, huet si aacht Joer laang an Nordirland geschafft. Virun zwee Joer si si zeréck op Lëtzebuerg komm.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen